StatecPIB zu Lëtzebuerg klëmmt par Rapport zu leschtem Trimester

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet e Freideg seng éischt Estimatioune fir d'Entwécklung vum PIB vum drëtten Trimester dëst Joer verëffentlecht.
© AFP

Deemno wier de Bruttoinlandproduit, par Rapport zu den dräi Méint virdrun ëm 1,1% gewuess. Am Verglach zum leschte Joer wier et eng Hausse vun 2,7%.

Verschidde Branchë bleiwe weider réckleefeg, dorënner de Bau. De Bléck no hannen huet sech allerdéngs verschlechtert. An den iwwerschaffte Statistiken notéiert de Statec elo -0,7% fir dat zweet Trimester dëst Joer amplaz vun -0,2%. Am éischten Trimester wier d’Wirtschaft souguer bei -2,6% amplaz -1,9%.

Dat komplett Schreiwes vum Statec fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO