De President vum gréissten Acteur am Gesondheetswiesen, der Copas, wëll sech aktuell net äusseren zu den Debatten iwwer Konventioune mat der CNS, Zwouklassemedezin a Kommerzialiséierung voir Privatiséierung vun der Medezin. De Pierre Jaeger huet just gemengt, et wären interessant Diskussiounen, déi ee bei der COPAS géif suivéieren. Wichteg wär senger Meenung no, dass de Patient den Haapt-Protagonist bleift an déi vill verschidden Acteuren nach besser zesumme schaffe kéinten.
D‘Enjeuen am Gesondheetswiesen si grouss, seet de President vum Daachverband vun de Prestatairen am Fleege-Secteur. Dat well d‘Populatioun ëmmer méi grouss an ëmmer méi al gëtt. Donieft géinge chronesch Krankheeten zouhuelen an de Personalmanktem am Secteur wier och nach ëmmer e Problem. E weideren Defi wier d’Surcharge administrative mat där een am Secteur all Dag ze kämpfen hätt.
Et géing eng Rei Solutiounen a Piste fir déi besteeënd Problemer ginn, ma virop misst een d’Copas iwwerhaapt mol mat abannen. Si wieren de gréissten Acteur am Gesondheetssecteur, mee net op der Quadripartite derbäi, wou awer Gespréicher gefouert ginn, déi si direkt betreffen.
Am Secteur Extrahospitalier feelt et, wéi iwwerall, u Personal. Bis 2026 wieren tëscht 150 a 200 Posten ze besetzen, fir déi een aktuell keng Leit fënnt mat där néideger Qualifikatioun. Et hätt ee virop eng Problematik vun der Iwwer-Qualifikatioun. Et géing een an den eenzele Karriären net déi Leit fannen, déi ee bräicht. Dofir schafft een zesumme mam Ministère, der Adem an anere Partner u Passerelle fir verschidde Qualifikatiounsniveauen. Notamment fir eng Transitioun ze schafe vun engem DAP Aide-soignant op een Infirmiersberuff. Do géing een awer net séier genuch géing virukommen. Donieft misst een och un der Unerkennung vun auslänneschen Diplome schaffen an et misst een och iwwer d’Reconversion professionelle nodenken. Ganz generell gekuckt missten d‘Gesondheetsberuffer fir Jonker méi attraktiv ginn, seet de Pierre Jaeger.
D‘Copas ass eng patronal Federatioun, déi 15.000 Salariéeën a 17.000 Beneficiairen zielt. Hir Membere këmmere sech ëm eeler, ofhängeg a krank Leit, ma si wieren och aktiv am Secteur Handicap an an der Psychiatrie extrahospitalière. Deementspriechend ass d’Copas ee Pilier den incontournabel ass fir d’soins primaires zu Lëtzebuerg, fënnt de Pierre Jaeger. Zu der Copas gehéieren ënnert anerem gehéiere Fleege- an Altersheemer an och soins à domicile.
Invité vun der Redaktioun: Pierre Jaeger
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.