Zu Schëffleng, zu Diddeleng, an der Fiels, grad ewéi zu Uewerkuer ginn et elo véier C2.1 Klassen, an ee Cycle 2.2, wou en Deel vun de Schüler fir d’éischt liesen a schreiwen op Franséisch léiert, an Däitsch eréischt als zweet Sprooch bäikënnt.
D’Zil ass et virop de Kanner mat romaneschem Sproochenhannergrond besser Startchancen am Lëtzebuerger Schoulsystem ze ginn.
De Projet gëtt wëssenschaftlech analyséiert an evaluéiert. Sollt e sech bewäerten, kéinte vun der Rentrée 2026/2027 un an alle Gemenge Klassen ugebuede ginn an deenen d’Kanner op Franséisch alphabetiséiert ginn.
Déi traditionell Alphabetiséierung op däitsch, grad ewéi d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch bleiwen natierlech och bestoen.