Gebai fir eng hallef Stonn evakuéiertPolice-Asaz wéinst verdächteger Wallis um Belval

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police en Asaz en Dënschdeg de Moien zu Esch-Belval wéinst enger verdächteger Wallis.
© Wikimedia / Cayambe

Wéi d’Police schreift, ware si géint 8.20 Auer an e Gebai op der Place de l’Académie um Belval geruff ginn, well do eng verdächteg Wallis fonnt gouf. Op der Plaz hunn d’Beamten d’Gebai aus Sécherheet evakuéiert. Kuerz drop konnt d’Wallis zesumme mam Besëtzer, deen antëscht fonnt gouf, opgemaach ginn. Den Asaz wier no enger hallwer Stonn eriwwer gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO