Bankkaarte geklautPolice ass op der Sich no zwee Trickdéiwen

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee Männer hunn déi geklaute Kaarten op Bankomater respektiv a Geschäfter genotzt.
© Police

Am Kader vun enger Enquête, bei där Bankkaarte vun Onéierleche geklaut a genotzt goufen, sicht d’Police elo no zwee Trickdéiwen. D’Männer hunn déi geklaute Kaart genotzt, fir Suen opzehiewe respektiv fir domadder ze bezuelen.

All d’Informatiounen zu de Persoune si fir d’Police vu Walfer per Telefon um (+352) 244 41 1000 oder per E-Mail un police.walferdange@police.etat.lu.

© Police

Back to Top
CIM LOGO