
E Mann wier hei an en Haus agebrach, wier allerdéngs vun engem Resident iwwerrascht ginn an doropshi geflücht. Hie konnt kuerz duerno vun der Police gepëtzt ginn. Weider Ënnersichungen hunn erginn, datt de Mann wuel och fir en aneren Abrochversuch responsabel ass. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.