An engem Bësch bei RéimechPolice sicht Besëtzer vun Hond, deen anere Mupp soll blesséiert hunn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems am Oktober zwee Hënn an engem Bësch bei Réimech unenee gerode sinn, sicht d'Police nom Besëtzer vun engem vun de Muppen.

Wéi d’Police schreift, waren d’Hënn den 23. Oktober dëst Joer tëscht 15 a 17 Auer an engem Bësch zu Réimech unenee geroden. Ee vun de Muppen (Rottweiler oder änlech) soll e Staffordshire Terrier um Ouer blesséiert hunn.

Fir erauszefannen, wéi et zum Virfall koum, sicht d’Police elo nom Besëtzer vum éischten Hond (Rottweiler oder änlech). D’Police biet de Meeschter oder Leit, déi eppes dozou wëssen, sech ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.capellensteinfort@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO