Zu DéifferdengPoliziste si viru Café agekesselt a kierperlech agresséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg koum et zu Déifferdeng an der Rue Michel Rodange géint 16 Auer zu engem Iwwergrëff op Policebeamten.
© RTL

De Poliziste war gemellt ginn, eng Grupp vu Leit géinge virum Café Droge konsuméieren. Op der Plaz konnten d’Beamten dunn och eng ganz Rei Leit untreffen.

Och d’Beamten haten de Verdacht, datt Drogen am Spill kéinte sinn, an hu sech entscheet, de Leit hir Personalien opzehuelen. Wou si ee Rucksak méi genee ënnert d’Lupp wollten huelen, huet eng Persoun probéiert si dorun ze hënneren.

An der Tëschenzäit sinn d’Poliziste vun 10 bis 15 Leit agekesselt ginn, déi si dunn och kierperlech agresséiert hunn. D’Beamte missten Ënnerstëtzung ufroen. Schlussendlech ass et der Police awer gelongen, de Mann mam Rucksak an ee weidere Mann ze immobiliséieren a mat op de Policebüro ze huelen.

Bei enger Kierperënnersichung vun engem vun de Männer goufen 105 Gramm Haschisch fonnt, nach emol 42 Gramm Haschisch waren am Rucksak. D’Droge goufe saiséiert an eng Persoun festgeholl an den Dënschdeg de Moien der Untersuchungsriichterin virgefouert.

D’Beamte sinn duerno nach emol zeréck an d’Rue Michel Rodange zeréck gaangen, fir weider Beweiser ze sécheren. Op der Plaz goufe si awer nees vu Leit verbal ugegraff. No enger klenger Ausernanersetzung ass et de Polizisten awer gelongen, de Besëtzer vum saiséierten Rucksak ze immobiliséieren an op de Policebüro ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO