De CGDIS melltPompjeeë waren op Hellegowend zu Esch an zu Kiemen am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Och op Hellegowend waren d'Pompjeeën uechter d'Land am Asaz. E Mëttwoch den Owend gouf et een Asaz am Süden an een am Norde vum Land.
© Christophe Hochard

Géint 18.20 Auer goufen d’Pompjeeën op Esch an d’Rue de l’Ecole geruff, well do eng Friteuse Feier gefaangen hat. Och eng Ambulanz war mat derbäi, well eng Persoun blesséiert gi war.

Géint 19 Auer gouf et dunn ee weideren Asaz fir d’Pompjeeën am Norden, notamment fir d’Pompjeeë vu Buerschent a fir den Asazzenter Nordstad. Zu Kiemen an der Haaptstrooss hat eng Schminni Feier gefaangen. Hei gouf et allerdéngs keng Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO