Luc Frieden op offizieller Visitt am BalkanPremier gesäit kee grousse Progrès bei Ukrain-Gespréicher

Claude Zeimetz
De Premier Luc Frieden gesäit d'Diskussiounen tëscht Amerikaner a Russen en Dënschdeg den Owend eiser Zäit zu Moskau iwwer d'Ukrain skeptesch.

Si hätte kee wesentlecht neit Element bruecht. D’Verhandlungsdelegatioune souze fënnef Stonne beieneen, ouni sech an de wesentleche Punkten iwwert e Wee fir Fridden an der Ukrain eens ze ginn. Russland hält notamment nach ëmmer u sengen Territorialfuerderungen an der Ukrain fest, wat fir d’Land selwer an d’Europäesch Unioun op kee Fall a Fro kënnt. De Luc Frieden gesäit dowéinst och weider kee “ganz staarke Wëllen op russescher Säit, fir de Krich direkt op en Enn ze bréngen” a sech op europäesch Fuerderungen anzeloossen.

Ukrain: D’Europäer musse mat um Dësch sëtzen

D’Entrevue tëscht den amerikaneschen a russesche Verhandlungsdelegatiounen an der russescher Haaptstad wier héchstens eng “Tëschenetapp”, sot de Luc Frieden e Mëttwoch de Moien am Gespréich mat Journalisten. E “rise Progrès” hätt et net ginn. D’Europäer kéinte Progrès och just jugéieren, wa se mat um Dësch sëtzen, sou de Premier, deen den Ament op offizieller Visitt am Balkan ass: en Dënschdeg a Kroatien an e Mëttwoch am Montenegro.

Agefruere russesch Staatsgelder: Premier geet vu séierem Accord bis Enn des Joers aus

Ugeschwat op déi aktuell Diskussiounen an der Europäescher Unioun iwwert d’Benotze vun agefruerem russeschem Staatsverméige sot de Luc Frieden, datt hien “zouversiichtlech” ass, datt et Enn Dezember um nächste Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen zu engem Accord komme kéint. Et misst een och do eng Léisung fannen, betount de Lëtzebuerger Premier, an an engems garantéieren, datt d’europäesch Finanzstabilitéit net a Fro gestallt gëtt. D’Kommissioun hätt e puer Optiounen op den Dësch geluecht, vun deenen der - senger Meenung no - eng Rei op eng breet Zoustëmmung kéinten treffen.

Op wat d’EU-Memberstaate sech um Enn konkret eenege wäerten, konnt de Luc Frieden nach net soen. D’Belsch, wou d’russesch Avoiren den Ament bei Euroclear agefruer sinn, fäert den Ament nach juristesch a politesch Konsequenzen a blockéiert.

Montenegro: Beschte Schüler bei de Bäitrëttskandidaten

De Luc Frieden ass e Mëttwoch wéi gesot no senger Visitt a Kroatien, wou hien de Premier Andrej Plenkovic an de President vum kroatesche Parlament gesinn huet, op offizieller Visitt am Montenegro. Den Ament reesen eng ganz Rei westeuropäesch Politiker an de Westbalkan. Ëmmer mam selwechte Gedanken: An dëse geopoliteschen ugespaanten Zäiten de Länner um Westbalkan d’Gefill ze ginn, datt se an der Europäescher Unioun “wëllkomm” sinn. Aus Angscht, datt Russland, China oder d’Saudien de Vakuum notzen an d’Länner bei sech zéien. Duerfir betount de Luc Frieden, dierft een déi potentiell Kandidaten net ze laang am “Wartezëmmer vun der Europäescher Unioun” loossen.

2028 zu 28?

De Montenegro hätt mat Ofstand déi gréisste Progrèse gemaach. De Lëtzebuerger Premier gleeft dowéinst och d’Aschätzung, datt d’Land et fäerdeg kéint bréngen, bis Enn d’nächst Joer d’Bäitrëttsverhandlungen op en Enn ze bréngen, fir dann 2028 als 28. Memberstaat opgeholl kënnen ze ginn.

Lëtzebuerg wéilt elo scho mat dësem potentiellen zukünftege Member gutt Relatiounen opbauen. A fënnt et wichteg, datt d’EU an den nächste Joren e Member bäi géif kréien.

Back to Top
CIM LOGO