ChamberPunktuell Changementer vum Agrargesetz gouf gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem gi verschidde Primmen elo nees méi large gereegelt, wéi dat nach mam Agrargesetz vun der leschter Regierung de Fall war.
© RTL (Archiv)

Mat grousser Majoritéit goufe punktuell Changementer um Agrargesetz vun zejoert gestëmmt. Sou gëtt notamment den Accès fir verschidde Primmen, notamment am Wäibau, méi large gereegelt. Konkret kréie Baueren a Wënzer, déi méi al wéi 72 Joer sinn oder an der Pensioun sinn, nees e Recht op dës Primmen, wéi dat an der Vergaangenheet schonn de Fall war, erkläert d’Rapportrice vum Projet, d’CSV-Deputéiert Octavie Modert.

Extrait Octavie Modert

Vun engem ganz wichtege Bausteen am Agrargesetz huet den DP-Deputéierten, sengerzäit President vun de Jongbaueren, Luc Emering geschwat. Ënnert anerem d’Jongbaueren hate sech nach beim viregte Landwirtschaftsminister Claude Haagen fir Adaptatiounen um Agrargesetz, am Interessi vun de Bauere staark gemaach. Deels ganz plakativ mat der sougenannter “Rout-Stiwwel-Campagne” iwwer Land. Haut ass d’Stëmmung tëscht Baueren a Politik bedeitend besser an d’Adaptatioune kruten, och zur Freed vun der aktueller Ministesch Martine Hansen, eng ganz grouss Zoustëmmung.

Back to Top
CIM LOGO