
All Mëttwochmoie gëtt de Projet "Kaffispaus" vun der Ekipp vu Sozialaarbechter an Educateure proposéiert. Elo am Summer bei schéinem Wieder och mol an der Buvette vum Club Boules Pétanque Clair-Chêne. De President vum Club, de Jean-Paul Tintinger, ass frou, d'Plaz kënnen zur Verfügung ze stellen, "moies ass hei souwisou net vill lass". Hie géing sech och schonn als Deel vum Grupp zielen, seet hien.
Quartiersaarbecht: "Mir maache méi wéi just zesumme Kaffi drénken"
Op den éischte Bléck treffe sech hei Leit aus dem Quartier, déi zesumme Kaffi drénken a Mëtschen iessen. Mee dat ass net alles, betount den Artur Cardoso Pereira. "Mir bréngen d'Leit jo net zesummen, just fir se zesummenzebréngen, mee dat geet méi wäit wéi dat. Mir maache méi wéi just zesumme Kaffi ze drénken." An enger gemittlecher Ronn kënnt een nämlech ganz einfach an d'Gespréich, d'Suerge vun de Leit, d'Verbesserungsvirschléi fir déi ënnerschiddlech Escher Quartieren, dat alles kënnen d'Mataarbechter vun Inter-Action un déi richteg Leit oder Institutiounen erun droen. An eben hëllefen, ier d'Problemer méi schlëmm ginn. De Fokus läit op der Preventioun. Zil ass et, den Zesummenhalt ze stäerken an de Leit ze weisen, dass och si eppes verännere kënnen.
Am Ufank wier d'Isolatioun e grousst Thema gewiescht, net nëmme bei eelere Leit, mee och bei neie Residenten, erzielt den Educateur gradué. Kennt ee keen, tendéiert een, sech ëmmer méi zeréckzezéien. Besonnesch uerg gëtt et, wann een en plus nach eleng wunnt, erzielen zwou Dammen. "Wann s de schonn 20 Joer eleng wunns, da muss de sou Leit hunn", seet d'Gritty a weist op d'Leit nieft sech um Dësch. Si huet hir gutt Frëndin d'Karin op dësem Mëttwoch "matgeschleeft", wéi si selwer seet. D'Frëndin a gläichzäiteg Nopesch wunnt och eleng, well hire Mann schwéier krank ass. An esou schwéieren Zäite wier et immens wichteg, eng onkomplizéiert Offer, wéi d'Kaffispaus, ze hunn, erzielt si. A wann ee Schwieregkeeten huet, e Bréif ze schreiwen oder administrativ Demarchen ze maachen, da kéint een och ëmmer d'Ekipp vun Inter-Action froen.
Dat confirméiert och d'Odette. Si ass duerch e Kachowend vun der ASBL op d'Kaffispaus opmierksam ginn. An esou kënnt ee vun enger Aktivitéit bei déi aner. Et léiert een ëmmer méi Leit kennen a fillt sech och an der Noperschaft direkt vill méi vernetzt. An deem Sënn schafft d'Ekipp vun Ensemble Quartiers Esch och mat anere Service oder Vereenegungen zesummen, wéi dem Zentrum fir selbstbestëmmt Liewe vun der APEMH. Fir d'Sabrina Hoor, zoustänneg Educatrice diplomée, ass dat eendeiteg eng Beräicherung, well sech esou verschidde Gruppe mëschen. Dat ännert den Alldag. "Dat Soziaalt gëtt ëmmer manner", bedauert d'Fabienne aus dem Zentrum. Fir déi jonk Fra ass et schéin ze mierken, wéi een och mat neie Leit bemol an d'Gespréich komme kann.
Bei der Kaffispaus fille sech d'Leit gehéiert, dat soe si all, ganz onofhängeg dovunner, wéi si heihinner fonnt hunn. Mee d'Zil ass et, dass si mierken, wéi och si zu Verännerunge bäidroe kënnen.
Dowéinst grënnt Inter-Action och elo en Interesseveräi mat den Awunner vum Quartier Brill. Dräi Workshoppe gouf et schonn, esou den Artur Cardoso Pereira. Domadder schaaft een eng ganz aner Envergure. D'Gemengevertrieder géingen och op d'Interesseveräiner duergoen, wéi een am Fall vun anere Quartiere scho kéint gesinn, seet de jonken Educateur gradué. Allgemeng ass d'Quartiersaarbecht ëmmer um Evoluéieren an op kee Fall statesch. Nei Leit komme bäi, d'Interessien änneren an d'Offer passt sech un. Dat alles am Bléck ze halen – nieft Kaffi drénken – dat ass déi eigentlech Aarbecht vun der Ekipp vun Ensemble Quartiers Esch vun Inter-Action.
Déi dräi Servicer vun Diddeleng, Esch a Gare-Bouneweg maachen dofir aktuell eng grouss Analys, fir d'Besoine vun de Leit erauszefannen an domadder op déi aktuell sozial Problematiken ze äntweren. An engem Questionnaire kënnen d'Leit matdeelen, wat si beweegt. An dat ass dann d'Base vun hirer Aarbecht fir déi nächst dräi Joer. Mee och aus perséinleche Gespréicher kënnen Analyse gezu ginn.
Zesummekommen a Kaffi drénke kann also duerchaus eppes Gréisseres bewierken. Et huet awer och einfach fir den Eenzelen, deen hei ronderëm den Dësch sëtzt, eng grouss Bedeitung. "An Ärem Alter hätt ech dat och net geduecht, wéi wichteg dat ass", seet d'Karin no eisem Gespréich. Si ass frou, Leit ëm sech ze hunn, déi si "matschleefen", esou wéi d'Gritty. Mat hiren Hënn trëppelen déi zwou Frëndinnen nom Kaffi zesummen heem.