Summerserie "Tëscht Preventioun an Urgence" - Deel 52 vun 147 Dossieren: "Et decouragéiert, mee mir maachen awer weider"

Monica Camposeo
Zanter dem Pic an de Joren 2022 an 23 kommen aktuell nëmmen nach wéineg Kanner a Jonker ouni hir Elteren als Refugiéen zu Lëtzebuerg un. 2024 hunn der CCDH no just nach 31 sougenannt "Mineurs non accompagnés" (MNA) eng Demande fir d'Protection internationale hei am Land gestallt. Zejoert waren et der nach manner. Am Verglach: Am Joer 2023 gouf et 147 esou Demanden. Zwou vun dësen 147 Demandë ware vum Alphonse a sengem Matbewunner. Si kruten antëscht e Refus, hu Recours ageluecht an hoffe weider, dass si hei am Land bleiwen dierfen.
© Monica Camposeo

"Mir sinn elo scho bal 4 Joer hei an et ass komplizéiert, fir eis hei ze liewen ouni richteg Pabeieren." Dat wier traureg, seet de jonke Mann vun haut 18 Joer. Hie wëll säin Numm net an der Press genannt hunn. Fir en Interview ass hien awer oppen, och fir seng Situatioun an déi vun deenen anere Jonken hei an engem Foyer vun HUT bekannt ze maachen.
 
Néng jonk Männer liewen zanter der Ouverture vun der Struktur virun dräi Joer hei an engem Eefamilljenhaus an engem rouege Wunnquartier. Si all sinn als Jugendlecher op Lëtzebuerg komm, si ware mannerjäreg, deels mat Familljemember ënnerwee, déi net hir Eltere sinn, deels eleng mat Bekannten. Si all goufen als "Mineurs non accompagnés" hei opgeholl. Haut sinn 8 vun hinne scho volljäreg, si maachen eng Léier, hunn e Patron fonnt a Kolleegen, och ausserhalb vum Foyer. Si hunn am Fong e ganz normaalt Liewen als jonk Erwuessener. Den Alphonse wëll Coiffer ginn, säi Matbewunner Mechatroniker.

"Laang Delaie sinn eng Brems fir d'Integratioun"

"Och wa si volljäreg sinn, kënne si hei am Foyer bleiwen, wa si e konkrete Projet hunn. Dat ka sinn, dass si nach an der Schoul sinn oder eng Léier maachen", erkläert de Jean-Christophe Goossens, hien ass de Responsabele fir dëse Foyer. D'Atmosphär ass e wéineg ewéi an enger grousser Famill. Eréischt am fréien Owend komme vereenzelt Jonker heem, mat der Trottinett oder mam Bus. Et gëtt versicht, zesumme mat den Educateuren ze kachen, mee net ëmmer ass jiddereen ass do.

Dëse Foyer huet 11 Plazen, aktuell wunnen hei 9 Jonker, zwee hunn d'Struktur antëscht scho verlooss a sinn an en Erwuesse-Foyer gewiesselt. Déi laang Delaie géinge vill Jonker an där nämmlechter Situatioun demotivéieren, heescht et am Gespréich. "Besonnesch wann ee keen huet, deen ee motivéiert, kann ee vum Wee ofkommen. Och wann een et net wëll, mee et huet een einfach vill Stress." Och d'Educatrice graduée Léa Sekarna gesäit déi laang Delaie wéi eng Brems fir d'Integratioun: "Et gëtt vun hinnen erwaart, dass si Efforten opbréngen, fir sech z'integréieren, ouni iergendeng Sécherheet, dass dës Efforte sech och lounen. Si liewen déi ganzen Zäiten – vill ze laang – an dëser Onsécherheet, déi och psychologesch en enormt Gewiicht huet." Dobäi kommen administrativ Hürden, wéi d'Schwieregkeet fir e Bankkonto opzemaachen. Och wann déi Jonk am Kader vun hirer Léier schaffen, hu si keen Accès op hir Pai. Am Gespréich mat anere Léierbouwen a -Meedercher wier dat schwéier ze erklären.

Genuch Plaz an de Foyeren, mee wat kënnt duerno?

Fir den Alphonse aus Guinea bedeit de Fait, datt hie kee Statut huet zum Beispill och, datt hien aktuell keng Sportscompetitiounen am Ausland dierf matmaachen. "Et decouragéiert, mee mir maachen awer weider. Mir kämpfe weider, fir eis z'integréieren, mir schaffen a mir maachen alles, fir net opzeginn." Fir d'Educateure wier et och net einfach, déi Jonk an där Situatioun ze gesinn, esou d'Léa Sekarna. "Si ginn och vill stigmatiséiert. Well am Fong si si present um Lëtzebuergeschen Territoire, mee iergendwéi si si och ëmmer à part."
 
Aktuell wier Lëtzebuerg gutt opgestallt, wat d'Prise en Charge vun de Mineuren an de Foyeren ugeet. Sou wéi déi heite Struktur, wieren och déi meeschten aner vun HUT duerch d'Baisse vun den Arrivéeën net ganz voll, esou de Jean-Christophe Goossens. De Problem géing sech éischter duerno weisen, wann d'Mineurs non accompagnés erwuesse ginn. "D'Suite ass net antizipéiert ginn. Elo fanne mer eis an enger Situatioun erëm, an där et massiv u Plazen am SLEMO feelt. An dat wier awer déi logesch Etapp no engem Foyer wéi eisem." SLEMO steet fir "Suivi Logement en Milieu Ouvert", et handelt sech meeschtens ëm Colocatioune fir jonk Erwuessener mat wéineg Betreiung, bis si hire Wee eleng kënne goen. De Wëlle beim Alphonse a sengem Matbewunner, fir et hinzekréien an dierfen hei ze bleiwen, ass op jidder Fall do.

Back to Top
CIM LOGO