Nei Serie op RTL"Mir, am Sozialen" – en Abléck an den Alldag vu Sozial-Aarbechter zu Lëtzebuerg

Rosa Clemente
"Mir, am Sozialen", sou heescht eng nei Serie op RTL, bei där mir iech en Abléck an d'Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter zu Lëtzebuerg ginn.
"Mir, am Sozialen" – en Abléck an den Alldag vu Sozial-Aarbechter zu Lëtzebuerg
An der neier Serie op RTL bidde mir en Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter zu Lëtzebuerg ginn.

En Dënschdeg den Owend war d’Rosa Clemente am Studio, fir méi iwwert d’Serie “Mir, am Sozialen” ze erklären, déi en Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land gëtt. An der Serie, déi zanter dräi Woche leeft, stinn déi am Fokus, déi deene Schwächste vun der Gesellschaft am Alldag Hëllef bidden.

Et si Portraite vu Leit, déi sech do asetzen, wou anerer dacks ewechkucken. All Mëttwoch fannt dir een neie Reportage am Magazin, an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO