
Eng Ryanair-Maschinn huet wéinst dem Stuerm Franklin e Sonndeg den Owend missen zu Lëtzebuerg landen. D’Passagéier vum Vol Lissabon-Charleroi soll dem belschen RTL no wärend dem Fluch gekrasch hunn. Eenzeler hätt sech iwwerginn.
D’Passagéier goufen duerno mam Bus op de Fluchhafe vu Charleroi gefouert, mee wéi se spéit an der Nuecht do ukoumen, kruten se gesot, se sollen eens ginn, fir an d’Stad ze kommen. Verschiddener wëlle Plainte maachen.