Izeg - ConterSamu am Asaz, nodeems en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt ass

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg ass um CR226 eng Persoun verwonnt ginn.
© Laurent Weber

Tëscht Izeg a Conter ass géint 2.40 Auer en Auto vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. D’Secouriste vun Hesper, Mutfert an aus der Stad waren op der Plaz, wéi och de Stater Samu.

Scho géint 19.20 Auer en Donneschdeg den Owend war zu Noumer en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen a gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO