Nieft Büroe fënnt een hei Geschäfter, Restauranten, eng Crèche, e Fitnesszenter an en Hotel. Als éischte grousse Bestanddeel vun der geplangter "Airport City" soll de neie Komplex de Fluchhafen entlaaschten an dem Findel en neit Bild schafen.
De Skypark ass ronn 370 Meter laang a bitt eng Gesamtfläch vu bal 166.000 Quadratmeter. Dobäi kommen iwwer 60.000 Quadratmeter Bürosfläch a méi wéi 1.500 Parkplazen op bis zu fënnef ënnerierdeschen Etagen. Nieft Fluchgesellschaften an aner Firmen, déi eppes mam Fluch Business ze dinn hunn, sollen och Banken, Servicer an aner international Entreprisen hei hire Sëtz fannen.
Trotz senger Gréisst setzt de Skypark op Nohaltegkeet. Fir de Bau goufe bis zu 15.000 Kubikmeter Holz benotzt, wat de Komplex zu engem vun de gréissten Holz-Gebaier an Europa mécht. Déi grouss begréngt Terrassen an Daachflächen, Photovoltaikanlagen an de Gebrauch vu recycléierte Materialien ënnersträichen den ëmweltfrëndleche Charakter vum Projet. De Skypark gouf vum däneschen Architektebüro BIG (Bjarke Ingels Group) gezeechent an duerno zesumme mat de Lëtzebuerger Architektebüroe Metaform Architects a Jim Clemes Associates ëmgesat.
Am meeschten iwwerrascht awer eppes anescht: d'Rou. Obwuel de Skypark direkt nieft der Start- a Landepist steet, ass bannent dem Gebai bal näischt vun de Fligeren ze héieren. Eng speziell Duebel-Fassad garantéiert en héije Schallschutz an eng optimal Isolatioun. Dovu profitéieren net nëmmen d'Büros-Locatairen, mee och d'Gäscht vum Moxy Luxembourg Airport Hotel, deen am Skypark integréiert ass. Trotz der direkter Noperschaft zum Fluchverkéier kënnen d'Visiteuren hei a roueger Atmosphär schlofen an entspanen, an déi, déi do schaffen, sech an engem rouegen Environnement konzentréieren.