Stater GemengerotSchäfferotserklärung vun der Majoritéit ugeholl, vill Kritik vun der Oppositioun

Pierre Jans
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet e Méindeg am Gemengerot zwou Stonne laang d'Schäfferotserklärung dierfe presentéieren.
© RTL Archivbild

De Programm also, dee bannent den nächste sechs Joer fir d’Haaptstad ëmgesat soll ginn. E Freideg de ganze Moie waren d’Lydie Polfer an d’Schäffen drun, fir de Gemengeréit bei hirem Verdikt nozelauschteren. An do hu si – wéi war et anescht z’erwaarden – Luef vun de Majoritéitsparteien DP an CSV héieren a vill Kritik vun der Oppositioun.

Et brauch een déi Gréng net fir d’Stad méi nohalteg ze maachen, seet den éischte Schäffen de Serge Wilmes vun der CSV. An de Grénge François Benoy koum net derlaanscht, dem DP-CSV-Schäfferot ze felicitéieren, dass d’Klima an de Mëttelpunkt réckele soll. Him feelen awer ambitiéis Ziler, Mesuren a Léisungen.

“Paräis zum Beispill huet sech d’Zil ginn, fir bis 2026 170.000 Beem planzen. Wann een dat op Lëtzebuerg erofrechent wären dat eng 10.000 Beem.”

D’Beem nëmmen ee Beispill. D’Nathalie Oberweis vun déi Lénk kritiséiert, dass de Schäfferot vu “Klimaadaptatioun” schwätzt an net dovun, de Klimawandel richteg ze bekämpfen.

“Dat weist, dass dat keng ambitiéis Majoritéit mat neien Iddien ass. Do sinn ech riicht eraus. Mat hir kann d’Stad Lëtzebuerg kee Virbild sinn a ginn, wéi dat an der Deklaratioun awer gesot gëtt.”

De Gabriel Boisante vun de Sozialiste fäert, dass DP an CSV d’Urgence, fir och beim Logement nei Weeër anzeschloen, net verstanen hätten.

“Mir spieren dat net an der Deklaratioun an dat feelt eis. Dir schwätzt beim Logement och vun der Co-Locatioun an alternative Wunnformen. Dat ass gutt. Mä dofir brauch et eng Agence, déi dat encadréiert an déi soll leider net geschaaft ginn.”

D’Stad ass grouss an d’Theme komplex. Dofir och bei de Pirate just ee Kritikpunkt erausgepickt. Hei de Pascal Clement iwwer d’Biergerbedeelegung.

“Och wann d’Wuert Dialog siwe mol am Text virkënnt, schéngt et, wéi wann Dir mat de Bierger just op Distanz wéilt kommunizéieren. Iwwer Internet oder Pabeier. Mir hoffen, dass dat just e Lapsus ass, a Biergerversammlunge weiderhin an nach méi organiséiert ginn.”

An d’ADR huet e Problem mam Franséischen, dofir feelen hir Mesuren, fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Deklaratioun vum Schäfferot. Den Tom Weidig huet Auslänner, déi Lëtzebuergesch Coursen huelen, gelueft.

“Si hunn elo Lëtzebuergesch geléiert, mä kënnen et am Alldag net üben. Firwat ass den Numm vum Stadion op Franséisch? Firwat ass et ‘fête des voisins’. Eng Tramstatioun Leschte Steiwer oder Waassertuerm hëlleft hinnen ze üben.”

Um Enn vun der Gemengerotssëtzung gouf d’Schäfferotserklärung ugeholl. Déi Gréng, déi Lénk, d’ADR an d’Piraten hunn dogéint gestëmmt. D’LSAP huet sech enthalen.

De Stater Gemengerot mécht elo Summerpaus bis de 25. September. Duerno stinn dann d’Budgetsdebatten um Programm.

Back to Top
CIM LOGO