Vergiesse KrankheetSchätzungsweis 11% vun erwuessene Frae leide weltwäit u Lipödem

RTL Lëtzebuerg
Onerklärlech Péng, blo Flecken, Waasseroflagerungen a Gelenkproblemer: d'Liewe mat dëser Fettverdeelungskrankheet ass anescht wéi einfach fir Betraffener.
Vergiesse Krankheet: Lipödem
Onerklärlech Péng, blo Flecken, Waasseroflagerungen a Gelenkproblemer: d’Liewe mat dëser Fettverdeelungskrankheet ass anescht wéi einfach fir Betraffener.

Lipödem ass eng Fettverdeelungskrankheet, bei där sech krank Fettzellen op spezifesche Plazen um Kierper ofsetzen, wéi zum Beispill un de Been oder Äerm, an net duerch Regimm oder Sport fort ze kréie sinn. Doduerch gesäit de Kierper engersäits disproportionell aus, ma och soss hunn déi Betraffen dacks mat weidere Problemer ze kämpfen, déi duerch de Lipödem erbäigefouert ginn.

Dat geet vun onerklärlecher Péng a bloe Flecken iwwer Waasseroflagerunge bis hin zu Arthros, Schilddrüseproblemer, Gelenkproblemer a Feelstellunge vum Kierper. Ma och déi psychologesch Auswierkunge sinn net z’ënnerschätzen, seet och d’Roberta Dario, eng Betraffen, déi am September 2019 diagnostizéiert gouf an déi mir am Kader vun dësem Reportage begleet hunn. „Et gleeft keen engem. T’ass normal: et geet een auseneen an direkt gëtt gesot, du ëss ze vill”, sou d’Roberta.

Esou einfach wier dat awer net, seet den Dr. Stefan Welss. Hien ass virun iwwer 20 Joer déi éischt Kéier op Lipödem opmierksam ginn an huet 2003 ugefaangen, betraffe Patiente mat Lymphdrainagen a Kompressiounen ze behandelen. Dat gëllt och hautdesdaags nach als eng effikass Method, fir d’Péng ze reduzéieren. Fir d’Krankheet awer wierklech an de Grëff ze kréien, géif et awer just ee bekannte Wee ginn: an zwar d’Liposuktioun.

An der Tëschenzäit huet den Dr. Welss schonn iwwer 1.600 Patiente behandelt, dorënner wieren och all Joer eng 40 bis 50 Lëtzebuerger. Ee vun de Problemer wier, dass et wéineg spezialiséiert Doktere géife ginn a vill Aspekter vun der Krankheet bis dato e Rätsel bleiwen. Deemno si behandelen, klasséieren a rembourséieren immens komplizéiert. Obschonns Lipödem an der CNS hirer Nomenclature ass, ginn déi Betraffen eréischt vum drëtte Stadium u fir Remboursementer consideréiert an den Taux u Refuse wier héich.

Fir vill vun hinne féiert awer iergendwa kee Wee méi laanscht d’Operatiounen. Vue dass d’Péng vun all Persoun anescht empfonnt gëtt, sinn si och der Meenung, dass déi Decisioun net eleng vum Stadium soll ofhängeg gemaach ginn. Resultat sinn dann nämlech iwwerméisseg Facturen, deelweis och Scholden. Fir d’Roberta Dario louch de Präis fir hir véier Operatioune bei bal 23.000 Euro, wouvunner si näischt rembourséiert krut. Zu där Rechnung kommen nach reegelméisseg Lymphdrainagen, Kiné-Seancen a Kompressiounsstrëmp dobäi. Eng belaaschtend Situatioun, fënnt och d’Roberta.

„Ech hu mech am Stach gelooss gefillt. Ech ka mir dat elo leeschten, mä vill anerer kënne sech dat guer net leeschten. Déi mussen dann do sëtze bleiwe mat hirer Krankheet a mat hirer Péng an dat fannen ech einfach net richteg.”

Eeler Artikelen iwwert dës Krankheet

Reportage: de Leidenswee vu Lipödem-PatientinnenDe laange Wee vu Lipödem-Betraffenen: Wat gëtt et Neies?

Back to Top
CIM LOGO