Um éischte Januar dëst Joer si verschidden Dispositiounen a Kraaft getrueden. Wéi d’Situatioun den Ament ausgesäit, gouf e Freideg an enger Pressekonferenz thematiséiert. Ëm d’Thema Offall huet sech och déi sougenannte Reschtstoffanalys gedréit, déi all 3 Joer duerchgefouert gëtt an den Offall aus 15 Gemengen ënnersicht huet. Hei koum eraus, datt zu Lëtzebuerg pro Kapp a pro Joer ganzer 163 Kilo Reschtoffall zesummekomm ass, dat si ganzer 30 Kilogramm manner wéi 2018.
Datt et zu enger Baisse u Reschtoffall komm ass, hätt net domat ze dinn, dass zu Lëtzebuerg manner Offall produzéiert gi wier, vill méi hätt dat domat ze dinn, dass besser triéiert géing ginn. Vill Gemengen hätte mëttlerweil eng Bio-Poubelle an och aner Facteure spille mat, erkläert d’Stephanie Goergen vun der Ëmweltverwaltung: “Dann ass et sou, dass de bloe Sak vun der Valorlux erweidert ginn ass, dat heescht, dass méi Fraktiounen de Wee an d’Valorluxtut kënne fannen an deemno dann och verwäert ginn. Vill Gemengen hunn och hiren Taxsystem ëmgestallt. Mëttlerweil si mer bei 66 vun den 102 Gemengen, déi u sech e ‘verursacher-gerechten Taxsystem’ hunn, dat bedeit, dass se entweder op d’Gewiicht oder op d’Frequenz also wéi oft dass d’Poubelle eidel gemaach gëtt, Taxe verrechnen a soumat och verhënnert, dass de Bierger manner Offall a säi Reschtoffall geheit.”
Allerdéngs hätt d’Ëmweltverwaltung festgestallt, datt de Recyclingtaux an de Stéit nach besser kéint sinn. Sou hätte 50 Prozent vum Offall, dee gesammelt ginn ass, nach kënne verwäert ginn, dorënner virun allem Iessensreschter.
Am Kampf géint den Offall huet den Ëmweltministere och nach eng Kéier den aktuelle Stand beim Offallgesetz thematiséiert. Den 1. Januar sinn nei Dispositiounen a Kraaft getrueden, zanterdeem dierfe Restaurante bei der Consommatioun op der Plaz keng Produite méi aus Plastik erausginn. Och dierfe Stänn op Fester keng Einwegproduite wéi Becheren oder Schallimoen aus Plastik méi erausginn. Fir den Organisateuren ze hëllefen, goufe verschidde Mesuren opgestallt, wéi d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring erkläert:
“Mir hunn och do e Guide entwéckelt, dee fënnt een op eisem Site, do ginn et och ganz kloer Uleedungen, wéi ee sech kann organiséieren an dann nach eng aner Saach, do geet et drëm, dass mer am Hierscht lescht Joer zwee Mol Appelle lancéiert hunn un d’Gemenge fir sech bei eis ze mellen, fir am Ëmweltfong Aiden ze kréien, fir an aner Infrastruktur ze investéieren, fir dass hir Clibb kënne lokal ënnerstëtzt ginn, zum Beispill mat sou engem Spullweenchen”
Fir de Summer dëst Joer soll dann déi nächst Ännerung kommen: Geméis an Uebst ënner 1,5 KG solle net a Plastik verpak ginn, hei hätt een och deementspriechend zesumme mat Importateuren no Léisunge gesicht.