Grouss Visitt fir kleng GäschtSchoulklass kritt en Abléck an den Dagesoflaf vum Palais

Tim Morizet
E Cycle 4 vu Stroossen krut d'Méiglechkeet, hannert d'Kulisse vum Palais an der Stad ze kucken.
Schoulklass kritt en Abléck an den Dagesoflaf vum Palais
E Cycle 4 vu Stroossen krut d’Méiglechkeet, hannert d’Kulisse vum Palais an der Stad ze kucken.

Wéi lieft a schafft et sech als groussherzoglech Famill? Geet de Grand-Duc normal eraus spadséieren? A wéi ass den Dagesoflaf am Palais? Op all déi Froe goufen et e Mëttwoch Äntwerten. Traditionell ass et virun der Ouverture vum Palais fir guidéiert Visitten als éischt un de Jonken. Zanter 10 Joer si Schoulklassen aus dem ganze Land invitéiert, de Palais besichen ze kommen. Dëst Joer war ënner anerem e Cycle 4 vu Stroossen zu Besuch.

Fir eng Stonn... ganz no un der Monarchie. Et gëtt gespaant nogelauschtert. D’Gaby Limpach-Theis mécht schonn zanter 4 Joer Visitten duerch de Palais. Highlighte goufen et e puer: de blénkege Escalier d’honneur, de Büro vum Groussherzog Henri an och d’Lüsteren am Festsall hu begeeschtert.

D’Schüler hunn e Mëttwoch fläisseg matgemaach. Ma d’Virstellung, selwer als Prënz oder Prinzessin an esou engem Palais ze wunnen, begeeschtert awer net jiddereen.

Wärend der Visitt gëtt et en Iwwerbléck iwwert d’Geschicht vum Palais. Vun den Ufäng als Gemengegebai, iwwert den Ëmbau vum éischte Grand-Duc Adolphe bis eriwwer an den Zweete Weltkrich ënnert der Grand-Duchesse Charlotte.
E Mëttwoch goufen et vill grouss Aen an eng Rei Souvenire komme mat heem.

Wie selwer de Palais besiche wëll, huet d’Chance, vum 20 Juli bis den 31. August. Den Erléis vun den Entréeë geet traditionell un d’Fondatioun vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse.

D'Schreiwes vun der Maison du Grand-Duc fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO