Ongeféier e Fënneftel vun der Quantitéit, déi aktuell d’Joer installéiert gëtt. Et wëll een net just d’Energieproduktioun méi gréng gestalten, ma och weisen, datt Asien de Marché net muss dominéieren.
Am Häerz vun der Stad leeft zanter Oktober ganz offiziell d’Produktiounsband. Solarpannoen - made in Luxembourg - zu Hollerech zesummegesat. 125.000 Tonnen u Maschinne produzéieren de Panno a 15 bis 20 Minutten. D’nächst Joer wëll ee 40.000 Unitéiten op de Marché bréngen. Ugefaangen awer gëtt mam Verschaffe vun den Zellen.
Michel Thein, Direkter Solarcells: “Hei gesäit een déi Maschinnen, déi déi eenzel Zellen hëlt, déi scho fäerdeg geschnidde sinn. Déi ginn op en Tapis geluecht. Et komme Riben drop aus Koffer an déi gi mat engem waarme Coup zesummegeschweesst.”
Sou datt nom ganze Rassemblement herno 108 Zellen an engem Panno integréiert sinn. Bis 2026/27 solle Ronn 100.000 Unitéiten d’Joer zu Lëtzebuerg verkaf ginn. Haut sinn et der ongeféier 250 den Dag. Distribuéiert ginn 2 Modeller, limitéiert iwwer 2 Entreprisen.
Marc Thein, Socom – Deel-Inhaber vu Solarcells: “Mir wëllen nëmmen zu Lëtzebuerg verkafen. Wann eise Panno eng Kéier an enger Installatioun benotzt gëtt, déi net richteg fonctionéiert, Lëtzebuerg ass kleng, dann hu mer direkt de Problem vun eiser ‘image de marque’. Dofir soll net just de Panno d’Qualitéit hunn, mee och d’Installatioun hannendrun.”
D’Zellen am Panno sëlwer kommen nach aus China. Aktuell de groussen technesche Leader um Marché. Dës sollen awer an den nächste Jore made in Europe dropstoen hunn.
Michel Thein: “Et gi Produktiounen an Europa. Et ginn och weider Produktioune viséiert an Europa. Mee do ass nach näischt Konkretes ënnerwee. Se sinn zum Beispill an der Tierkei amgaangen, d’Zelle wëllen ze produzéieren. Mee et ass e komplizéierte Prozess.”
Déi europäesch Solarindustrie leit zanter Joerzéngten ënnert dem massiv subventionéierte Präisdrock aus China. Ënnert deem awer virun allem d’Qualitéit leit.
Marc Thein: “Et bestellt een e Container Pannoen a China oder soss an Asien. Da kréien ech amplaz vun 3.000 Pannoen 3.200 geliwwert. Well si genee wëssen, datt vun deene geliwwerte Pannoen en Deel net richteg wäert fonctionéieren.”
Réischt zanter e puer Joer geet d’Zuel un europäesche Produzenten nees an d’Luucht. De Panno aus Asien ass zwar hallef esou deier, ma duerch staatlech Subventioune kéint een de Präisënnerscheed awer gréisstendeels bei der Installatioun nees opfänken, esou de Constat beim Lëtzebuerger Produzent.