Keng formell OppositiounenStaatsrot wénkt d’Amendementer fir d'Sonndesaarbecht am Commerce duerch

Michèle Sinner
A sengem Avis complémentaire, deen en Dënschdeg de Mëtten ugeholl gouf, formuléiert de Staatsrot keng formell Oppositiounen.
© Christophe Hochard

Deemno missten déi Gesetzesännerungen, déi d’Regierungen no de Sozialronne festgehalen huet, deemnächst an der Chamber gestëmmt ginn.

Dat heescht, Entreprisen, déi bis zu 30 Mataarbechter hunn, däerfen dës an Zukunft Sonndes aacht amplaz véier Stonne schaffe loossen. Domat wieren 90 Prozent vun de Commercen a 35 Prozent vun de Beschäftegten am Secteur ofgedeckt. Entreprisen, déi méi ewéi 30 Leit beschäftegen, musse par contre e Kollektivvertrag oder en Accord interprofessionnel ënnerschreiwen. Ouni esou en Accord kéinten awer och si hir Salariéen op sechs Sonndeger am Joer aacht Stonne schaffe loossen.

De Conseil d’Etat stellt a sengem Avis fest, datt de Seuil vun 30 Employéen nei ass am Code du Travail. Do louch bis elo de Seuil fir eng kleng Entreprise ze definéieren, bei 15 Mataarbechter. Dat wier awer e politesche Choix; dofir wier et um Legislateur, also der Chamber, ze decidéieren, ob dëse Seuil opportun wier oder net.

Anescht gesäit et bei den Ouvertureszäiten aus

De Conseil d’Etat huet awer zwou Oppositions formelles, wat d’Regierungsamendementer fir d’Ouvertureszäiten am Commerce ugeet. De Conseil d’Etat gesäit de Risiko vun enger Ongläichbehandlung vun den Tankstellen, wann déi laanscht den Autobunne vun den allgemenge Reegelen iwwer d’Ouvertureszäiten ausgeklammert ginn, ma aner Tankstellen awer net. De Staatsrot gesäit keng gesetzlech Basis dofir, datt d’Autobunnstankstellen eng gréisser “Utilité publique” hätten, wéi déi am Rescht vum Stroossereseau.

D’Regierung hat ausserdeem eng Exceptioun fir Familljebetriber virgesinn, an deenen ausserhalb vun den normalen Ouvertureszäite just Membere vun der Famill schaffen. Dat léisst de Staatsrot awer net duerchgoen, well och déi kéinte Salariéë sinn an dann net anescht ze behandele sinn, wéi Salariéen, déi net Famill sinn.

No de Sozialronnen hat d’Regierung proposéiert, Wiertes - also ënnert der Woch - kéinten d’Geschäfter vu moies 5 bis owes 21 Auer opmaachen, amplaz bis owes 22 Auer, wéi hiren éischte Projet virgesinn hat. Weekends géif et bei moies 5 bis owes 19 Auer bleiwen.

Fir Commercen, déi Produits de première nécessité verkafen, wier et méiglech, mat engem Kollektivvertrag oder engem Accord interprofessionnel 24 Stonnen op 24 a siwen Deeg op siwen opzemaachen.

De Staatsrot freet sech a sengem Avis complémentaire och, ob d’Lëscht vun de Produits de première nécessité, déi aus der absolutter Ausnamesituatioun vun der Covid-Zäit hierkënnt, als Krittär gëeegent wier, fir d’Ouvertureszäiten ze regléieren. De Conseil d’Etat bedauert, datt tëscht den normalen Ouvertureszäite fir dës Commercen an dem Betrib ronderëm d’Auer siwen Deeg op siwen, keng Méiglechkeet virgesinn ass, fir eng Solutioun an der Mëtt ze negociéieren. E mécht awer op dëse Punkte keng formell Oppositiounen.

De Staatsrot zu den Ouvertureszäiten (PDF)
De Staatsrot zu de Sonndesstonnen (PDF)

Back to Top
CIM LOGO