Aktiounsplang géint Aarmut Stëmm vun der Strooss begréisst Aktiounsplang an hofft, datt Punkte séier ëmgesat ginn

Marlène Clement
Viru gutt zwou Wochen huet d’CSV-DP-Regierung den éischten nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut presentéiert.

Am Plang sinn 106 Mesurë virgesinn. Esou soll et an Zukunft beispillsweis méi einfach ginn, verschidden Aiden unzefroen. Och verschidde Prozedurë sollen automatiséiert ginn. An d’Kannergeld soll vun 2027 un ëm 45 Euro pro Kand eropgoen. D’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay seet sech um RTL-Mikro zwar zefridden iwwer deen neie Plang, mee

“Do steet, mengen ech, net alles dran, wat een nach alles hätt kënnen draschreiwen. Do sti ganz vill Saachen dran. Ech begréissen deen an ech hoffen, datt mer elo ganz séier déi verschidde Punkte kënnen ëmsetzen, an datt et net just eidel Versprieche sinn oder datt et net einfach Wënsch sinn, déi mer wëllen ëmsetzen, mee datt mer wierklech wäerten déi Saachen ëmsetzen, a ganz séier.”

Extrait Alexandra Oxacelay

Zejoert huet d’Stëmm vun der Strooss 243.000 Molzechten an hiren dräi Sozialrestauranten zu Hollerech, Esch an Ettelbréck ausgedeelt. Dat ass ee Plus vun 23 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. D’Direktesch vun der Stëmm geet net dovunner aus, datt et der dëst Joer manner sinn. D’Strukture kéimen net méi no fir de Besoine vun de Leit entgéint ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO