
Konkret geet de Präis vun 12,45 ct/kWh op 11,25 ct/kWh erof. D’SUDenergie war am gesamte Joer 2025 schonn de gënschtegste Stroumfournisseur um Lëtzebuerger Marché.
Mat dëser weiderer Baisse wéilt ee seng Clienten nach méi entlaaschten an de Stroum zu bessere Konditiounen ubidden, sou SUDenergie an engem Schreiwes.