Nach méi NewsSuivéiert eise WhatsApp-Kanal a bleift zu all Moment informéiert

RTL Lëtzebuerg
Dir wëllt déi wichtegst Nouvellen op ee Bléck hunn an dorop reagéieren? Dann abonéiert de WhatsApp-Kanal vun RTL Lëtzebuerg.

Déi nei Funktioun um Messenger-Déngscht WhatsApp erméiglecht et Iech, Gruppen zu ënnerschiddlechsten Themen ze fannen. Nei dobäi ass de Kanal vun RTL Lëtzebuerg. Hei kritt Dir iwwert den Dag en Iwwerbléck vun de wichtegsten Themen, déi Dir net sollt verpassen. Wëllt Dir also zu all Moment informéiert bleiwen, dann abonéiert de Kanal vun RTL Lëtzebuerg.

Dir fannt dësen op Ärer WhatsApp-Applikatioun um Handy ënnert dem Beräich “Aktuelles”, “Actus” oder “Updates”, deemno op wéi eng Sprooch Ären Handy agestallt ass. Ënnert dem Beräich Status, wou Dir Neiegkeete vun Äre Kontakter fannt, befënnt sech de Beräich “Channels” oder “Kanäle”.

Sicht hei no “RTL Lëtzebuerg” an dréckt op de "+" fir eis ze abonéieren. Fir Notifikatiounen ze kréien, soubal eppes Neies gepost gouf, musst Dir just uewe lénks op d’Klack tippen. Esou verpasst Dir keng Neiegkeete méi a kënnt direkt am Kanal op d’Nouvelle reagéieren.

Wéi fannen ech de Kanal op mengem Android-Handy?

How to Android
Bleift zu all Moment informéiert an abonéiert den Whatsapp-Kanal vun RTL Lëtzebuerg.

Wéi fannen ech de Kanal op mengem iOS-Handy?

How to iOS
Bleift zu all Moment informéiert an abonéiert den Whatsapp-Kanal vun RTL Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO