
An engem Geschäft an der Grand-Rue an der Stad Lëtzebuerg koum et géint 14.35 Auer zu engem Déifstall, bei deem den Täter enger Cliente eng Posch aus der Hand gerappt huet a kuerz drop fortgelaf ass. D’Affer ass dobäi gefall an huet sech blesséiert. Eng Sich, déi direkt ageleet gouf, ass negativ verlaf, eng Enquête gouf elo an d’Weeër geleet.