
E Samschdeg Nomëtteg goufen an engem Geschäft op der Cloche d’Or zwou Persoune gepëtzt, déi e puer Saache matgoe loosse wollten. D’Police konnt déi zwou Persoune stoppen a konnt bei der Kontroll e Cutter an eng Zaang sécherstellen. Op Uerder vum Parquet goufen déi Verdächteg protokolléiert.
E Sonndeg, kuerz no Mëtternuecht, gouf de Police dunn en Déifstall gemellt, bei deem an der Rue Principale zu Mënsbech en Handy geklaut gouf. Wéi et heescht, soll d’Affer vun zwee Männer bedrängt gi sinn. Kuerz drop sinn déi du fortgaangen, réischt do huet d’Affer gemierkt, dass den Handy fort ass. Béid verdächteg Persoune konnte flüchten, eng Sich vun der Police ass negativ verlaf.
Puer Stonnen drop, géint 5 Auer, déi Kéier an der Avenue Emile Reuter an der Stad, gouf e weideren Iwwerfall gemellt. Zwee Männer si vis-à-vis vun hirem Affer handgräiflech ginn an hunn dësem dunn d’Ketten, de Portmonni an den Handy geklaut. Och hei lafen d’Ermëttlungen.
Da mellt d’Police och nach eng Partie Abréch, dat ënnert anerem an engem Haus zu Mäertert an an engem Haus um Lampertsbierg. A béide Fäll lafen d’Ermëttlunge vun der Police.