Face-à-Face vum 28. Januar 2026Tilly Metz vs René Winkin am Sträitgespréich

Claude Zeimetz
Iwwer de Mercosur-Accord geet et an engem Face-a-Face tëscht der grénger Europadeputéiert Tilly Metz an dem Fedil-Direkter René Winkin.

Et war gewosst, datt de Vott géif enk ginn. Mä d’Nouvelle, datt d’Europaparlement de Mercosur-Handel elo mol fir d’éischt juristesch wëll préiwe loossen, huet d’lescht Woch ageschloen wéi eng Bomm, um Dag wou parallel den Donald Trump seng Vue op d’Welt um Weltwirtschaftsforum zu Davos ausgeféiert huet an en Handelssträit tëscht den USA an der EU in extremis, fir de Moment mol, konnt evitéiert ginn.

Zanterhier gëtt awer bal grad sou vill iwwert d’Ofstëmmungsverhale vun der grénger Fraktioun am Europaparlament diskutéiert wéi iwwert dat, fir vill Leit, fataalt Zeechen, dat Europa mat deem Vott an eng onsécher Welt rausgeschéckt huet, an där déi europäesch Wirtschaft et ëmmer méi schwéier kritt, fir wann historesch Partnerschaften op eemol a Fro gestallt sinn. Hunn déi Gréng de Schoss net héieren? Oder ignoréieren d’Supporter vum Mercosur-Accord, aus Angscht virun der aktueller geopolitescher Instabilitéit, bewosst Schwaachstellen am Handelsaccord mat Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay?

Wat hätt Lëtzebuerg vun der zukünfteger gréisster Fräihandelszon op der Welt ze gewannen, respektiv ze verléieren? Wat ass vun der ganzer Brandmauer-Diskussioun ze halen? A wéi wäert et kënne weider goen fir de Mercosur an aner zukünfteg Fräihandelsaccorden zum Beispill mat Indien?

Dat diskutéiere mer de Moien an engem Face-a-Face um Radio tëscht der grénger Europadeputéiert Tilly Metz an dem Fedil-Direkter René Winkin. D’Sträitgespréich kënnt der live suivéieren vun 8 Auer un.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO