Déi Lénk warnen"Ugekënnegt Rentendiskussioun riskéiert, a geféierlech Richtung ze goen"

RTL Lëtzebuerg
Déi aktuell Diskussiounen ëm d'Rente gefalen deene Lénke guer net. Si géife léiwer op de Wee vu méi Recette goen, wéi dee vu manner Depensen.

Aktuell géif de Choix proposéiert ginn tëscht dem Ofbau vum aktuelle System mat méi engem groussen Accent op zousätzlech Pensiounsversécherung an dem méi séieren Akraafttriede vun negativen Elementer aus der Reform vun 2012 mat zum Beispill dem Afrostelle vum Rentenajustement.

Dës politesch Orientéierung ewech vum solidaresche System géif och nach op katastrophale Projektioune baséieren, esou de Marc Baum vun déi Lénk

Et gesäit Alles net gutt aus, an et baséiert ganz Villes op Horrorprojektiounen, datt de System net méi viabel wier. A fir dat kënnen ze ënnermaueren, gi Projektioune bis 2070 gemaach. Déi Projektioune ware bis elo ëmmer falsch, dofir menge mir, dass ee mat deene Projektioune ganz virsiichteg schaffe soll.

Extrait Marc Baum

Déi Lénk proposéieren net de Wee vu manner Depensen, mä de Wee vu méi Recetten. D’Partei wëll d’Ofschafe vum Cotisatiounsdeckel, an dass op all Elementer vun der Aarbecht, wéi Iwwerstonnen oder Beruffsformatioun, misst cotiséier ginn.

Den 13. Rentemount an den Ajustement missten awer Bestanddeel bleiwen. D’Cotisatioune kéinten dann der Meenung vun der Oppositiounspartei och vun 3 Mol 8 Prozent op 3 Mol 9 Prozent an d’Luucht goen. Weider misst Mindestpensioun um Niveau vum Mindestloun leien.

Aner Piste vun déi Lénk sinn zum Beispill keng Suen aus der Pensiounskeess fir de Beschäftegungsfong oder d’Pensiounen am ëffentleche Secteur ze benotzen.

Back to Top
CIM LOGO