Invité vun der Redaktioun (6. November)Georges Engel, LSAP-Parteipresident

François Aulner
E Freideg de Moien ass d'Verlängerung vun den Energiemesuren Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Regierung an d'Sozialpartner si sech eens ginn iwwert d'Verlängerung vun enger Rei Mesurë fir d'Hausse vun den Energie ofzefiederen. E Freideg de Moie froe mir den LSAP-Parteipresident an Deputéierte Georges Engel, ewéi hien de Suivi vun der Tripartite bewäert. Als Member vun der zoustänneger Chamberkommissioun froe mir hien, ewéi d'LSAP sech d'Versuergungssécherheet a puncto Energie virstellt an als fréieren Aarbechtsminister, wat hie vun den neie Propose vum Marc Spautz a puncto Aarbechtszäit-Flexibiliséierung hält.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO