Wéi gëtt sech preparéiert op d’Missioun a wéi organiséiere si sech op esou engem gréisseren Asaz.
Et ass kuerz virun Sonnenënnergang, dräi Gruppe sinn am Asaz. Op där enger Säit vum Dall de Géigner, och “Ennemi” genannt, an op där anerer Säit déi, déi sech géint si verdeedege mussen. D’Team vun RTL ass mat der Madamm Lieutenant ënnerwee, si sammelt wärend dem ganze Manöver d’Daten, déi si vun den Zaldoten erageschéckt kritt an dëst an hirem Headquarter, dee sech aus zwee Gefierer zesummestellt. Si ass dës Kéier fir den Nuetsmanöver zoustänneg.
Jiddereen ass sech den Ament nach amgaangen, ze preparéieren, a 15 Minutten ass et däischter a wien dann net organiséiert ass, fir deen ass et ze spéit. All si se mat Hightech equipéiert, wéi och Nuetsiichtapparater.
Mir fueren mat deem Peloton mat, deen als Aufgab krut, bei engem sougenannten Observation Point, respektiv enger taktescher Platz, sécher d’Nuecht ze verbréngen.
Um Wee fir op dës Plaz gëtt andauernd mat hire Kamerasystemer d’Ëmgéigend kontrolléiert, mat Infrarout a Wärmebildkamera gesi si all klengen Detail. No iwwer enger Stonn ass eng Plaz fonnt ginn, wou si taktesch gutt stinn an och d’Iwwersiicht iwwert den Dall hunn. Och hei gëtt nees un alles geduecht, falls si flüchte mussen. Hir Gefierer mussen esou stoen, dass si am Noutfall direkt fort kommen.
Nodeems d’Dingoen an de Bësch gestallt goufen, an dat och nees esou, dass se den Iwwerbléck iwwert den Dall hunn, heescht et fir d’Zaldoten, hir Gefierer ze camoufléieren. Mat mat Äscht gëtt d’'Struktur vun deem Véiereckege gebrach, en Netz kënnt driwwer a, ganz wichteg, all kleng Liichtquell soll vermidde ginn. Luucht gesäit een iwwer Kilometeren.
An dann, wann alles fäerdeg ass, gëtt sech bei der Madamm Lieutenant gemellt, fir matzedeelen, wou si dru sinn.
Op eemol gëtt de Briefing ënnerbrach, een Zaldot huet e Fluchkierper um Himmel gesinn. All Mënsch ass an Alarmbereetschaft. Et kéint eng Dron vum “Ennemi” sinn... Entwarnung, et war e Fliger.
Virun all Missioun gëtt sech am Detail informéiert iwwer déi geographesch Lag. E Briefing, deen noutwenneg ass. Jiddereen huet eng Funktioun ze erfëllen a muss genee den Terrain auswenneg kennen, wou de Géigner sech ophale kéint.
Och un d’Ausrouen ass geduecht. Dat mécht awer ëmmer nëmmen een, déi aner musse weider oppassen an dem Zaldot säi Schlof rassuréieren, andeems se Patrulle ginn an hir Kameraen net aus den Aen loossen.
Eise Peloton ass elo installéiert. Mir ginn nach eng Kéier bei d’Madamm Lieutenant, eng 15 Minutte mam Auto vun eisem Grupp ewech an och matten am Bësch. Hei lafe wéi gesot all d’Informatiounen zesummen.
Et war deen éischten Nuetsmanöver fir d’Zaldoten an dat wichtegst vun der Missioun am Manöver hu si bestanen. Elo geschitt weider näischt méi, mir krute verroden, dass den “Ennemi” sech dës Nuecht net weist. D’Spannung bleift also am Peloton, d’RTL-Ekipp huet e schlecht Gewëssen, op der Kamera waren d’Luuchten un: hoffentlech hu mir domadder hir Positioun net verroden.