
Zu Schengen hat en alkoholiséierten Automobilist op engem Parking mat sengem Auto gedrift. Dat gouf vun Zeie gesinn, déi dunn och d’Police alarméiert hunn. No enger kuerzer Sich konnten d’Beamten e Won, deen op d’Beschreiwung gepasst huet, lokaliséieren. Bei der Kontroll koum dunn eraus, datt de Chauffer effektiv ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie krut de Permis provisoresch ofgeholl.
Da stinn am Policebulletin nach verschidden Abréch. Dat en engem Méifamilljenhaus zu Esch an der Rue Portland a kuerz drop an e Keller vum Rue St. Vincent. Zu Wolwen waren Täter mat Hëllef vun enger Leeder op eng Terrass vum Haus geklommen a vun do aus koume si iwwer eng Fënster eran. An all de Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.