CyclocrossUm Samschdeg soll der Marie Schreiber hir Saison mam Worldcup zu Antwerpen endlech richteg starten

Tim Hensgen
D'Vizeweltmeeschterin an der U23 hat bis elo vill Pech an hirer Präparatioun op d'Cyclocross-Saison.
© DAVID PINTENS BELGA AFP (Archiv)
Der Marie Schreiber hir Saison soll mam Worldcup zu Antwerpen richteg starten.
D’Vizeweltmeeschterin an der U23 hat bis elo vill Pech an hirer Präparatioun op d’Cyclocross-Saison.

Um Samschdeg soll dem Marie Schreiber hir Saison mam Worldcup zu Antwerpen endlech richteg starten. D’Vizeweltmeeschterin an der U23 hat bis elo vill Pech an hirer Präparatioun op d’Cyclocross-Saison. Dat soll dëse Weekend endlech änneren an d’Marie Schreiber huet trotzdeem dëse Wanter nach vill wëlles.

Enn August, dunn zwou Infektioun un de Longen, haten d’Marie Schreiber schonn zeréckgeheit, du koum Mëtt November nach e Muskelrass dobäi. Et ware schwéier Woche fir d’Athletin aus dem Préizerdaul.

“Déi éischt zwee Méint vun der Saison einfach ganz ewechgefall. Mee wat elo net, also et ass halt net ideal, mee net terribel schlëmm, well déi wichteg Ziler, dat kënnt alles eréischt, d’Chrëschtdagsperiod ass déi Wichtegst. Mee dat Wichtegst vun der Saison ass am Fong d’Weltmeeschterschaft an do ass et nach annerhallwe Mount, dat heescht vun dohier war et elo net all ze dramatesch”.

Zumools well d’Marie Schreiber Mëtt November an hirer éischter Course direkt op déi 4. Plaz komm ass. An dat mat 3 Wochen Training. Dono huet e Muskelrass am Training d’Lëtzebuerger Championne gebremst. Mee hir Motivatioun fir de Cross ass ongebrach, och wann d’Marie Schreiber d’Pavésklassiker op der Strooss am Bléck huet.

“Sou laangfristeg, Paris-Roubaix, Tour des Flandres, si mol déi zwou Haaptcourssen, wou ech gär géif matfueren. Dat wäert elo nach net den 2026 de Fall sinn, oder eventuell fir Paris-Roubaix, dat hänkt e bëssen dovun of. Soss, vum Fokus changéiert net vill. Ech wäert mol sécher déi nächst fënnef Joer, kann ech garantéieren, nach genau esou vill Cross weiderfueren, do wäert sech elo net sou vill änneren”.

Déi lescht 10 Deeg war d’Marie Schreiber mat hirer Ekipp SD Worx an engem Trainingslager zu Javea. Dat huet hir virun allem mental gutt gedoen. “D’Stëmmung mam neie Grupp ass wierklech gutt,” seet d’Marie Schreiber. “Mir hu Spaass am Stage an et mierkt een, datt jidderee motivéiert ass, fir 2026 erëm voll unzerappen a fir et hoffentlech e bessert Joer ze maachen, wéi mer et dëst Joer haten. Och wann et dëst Joer net schlecht war. Mee et géif awer besser goen, soen ech esou.”

An domadder fänkt d’Marie zu Antwerpe schonn un. Um Sonndeg fiert si de Weltcup zu Koksijde. D’Marie Schreiber ass endlech an der Saison 2025-26 ukomm.

Back to Top
CIM LOGO