Gemellt goufen Dronen ënner anerem nees am Raum Helperknapp, Dikrech, Miersch an Angelduerf. D'interministeriell Drone-Cellule huet e Sonndeg am Nomëtteg da matgedeelt, datt ee moies nees fir eng Analys vun der Situatioun beienee komm wier. Et wéisst ee Bescheed, datt d'Police sëllege Signalisatioune vu potenziellen Dronen am nationale Loftraum e Samschdeg den Owend kritt hätt, déi dann och gepréift goufen.
Et wier een zur Conclusioun komm, datt a kengem Fall en "operatiivt Agräife vun den Autoritéiten" néideg gewiescht wier, well si net sécherheetsrelevant waren an den Ordre public net gestéiert war. Dacks hätten d'Leit e Samschdeg den Owend an an an der Nuecht op e Sonndeg um Himmel Luuchten gesinn, déi awer vu Fligere gewiescht wären.
D'Regierung, d'Drone-Cellule an déi aner kompetent Autoritéite wëllen d'Situatioun weider observéieren.
Fir de Loftraum besser z'iwwerwaachen an Dronen ze detektéieren, hätt een och technesch Mëttel vu sengen auslännesche Partner agesat, wat zu enger besserer Analys vun der Lag bäigedroen hätt.
Weider Detailer wéilt ee aus Grënn vun der Sécherheet den Ament net matdeelen.
