
E Freideg den Owend hunn am ganzen 19 Fligeren, dovunner 17 Luxair-Maschinnen, net um Findel konnte landen well Drone ronderëm de Fluchhafe gesi goufen. De Luxair-Direkter Gilles Feith huet am RTL-Moiesjournal um Radio erkläert, datt een déi éischt Drone géint 22:10 Auer gesinn hätt. Matzen an där Zäit, wou déi meescht Maschinnen owes erakommen. Deementspriechend grouss war dann och den Impakt op d'Fluchkompanie. Ganzer 1.800 Passagéier ware betraff. Hir Fligere goufen op Köln/Bonn, Bréissel, Frankfurt-Hahn, Léck, Paräis, Basel a Stroossbuerg ëmgeleet.
Em wéi eng Zort vun Dronen et sech handelt, wéi vill et waren, wien derhannert stécht, ass bis elo net gewosst. D'Regierung hat en Donneschdeg matgedeelt, datt déi staatlech "Drone-Cellule" ënnert der Leedung vum Premier Luc Frieden zesumme war, well potentiell Dronen am Raum Miedernach gesi goufen. D'Autoritéite sinn och lo e Samschdeg de Moie fir eng weider Drone-Reunioun zesummekomm. RTL-Informatiounen no, hu Luxair-Piloten och schonn virun e puer Deeg Drone gesinn. Et géif also en Zesummenhang tëscht deenen zwee Evenementer ginn.
De Fluchhafen ass e Samschdeg zwar nees normal op, ma et ass awer nach mat Retarde bei de Vollen ze rechnen. Fir d'Luxair, sot den Direkter, wieren Dronen näischt neits. D'Airline wier zejoert zu München an zu Kopenhagen duerch Drone perturbéiert ginn. De Phänomen géif "leider" ëmmer méi zur Realitéit ginn. De Gilles Feith huet am Interview explizitt déi gutt Zesummenaarbecht mat den Autoritéite gelueft. Hie wier "confiant", datt dat wat geschitt ass, opgeschafft gëtt.