CGDISVéier Blesséierter bei dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter gouf et e Samschdeg géint 17.30 Auer um CR129 tëscht Jonglënster a Roudemer.
© Domingos Oliveira / RTL

En Auto ass hei accidentéiert, zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d’Ekippen aus der Stad a Jonglënster.

Um 19 Auer koum et dann zu Märel zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer, dat an der Lonkecher Strooss. Hei gouf eng Persoun blesséiert, d’Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.

Um kuerz no 4 Auer e Sonndeg de Moien huet et dann nach eemol um CR357 tëscht Eppelduerf a Beefort gerabbelt. Hei war een Auto am Coup, eng Persoun gouf blesséiert. Hei waren d’Ekippen aus der Fiels, Ettelbréck a Beefort am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO