Pak mat verdächteger Substanz war gemellt ginnAsaz am Centre de tri vun der Post zu Beetebuerg ass eriwwer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf am Centre de tri vun der Post zu Beetebuerg e Pak mat enger verdächteger Substanz gemellt.
Pak mat verdächteger Substanz am Centre de tri vun der Post zu Beetebuerg
De CGDIS an d’Police waren e Mëttwoch am Centre de tri vun der Post zu Beetebuerg am Asaz. D’Warnung gouf méi spéit opgehuewen

De CGDIS war e Mëttwoch am fréie Mëtteg mat enger gréisserer Ekipp beim Centre de tri vun der Post um Krakelshaff zu Beetebuerg am Asaz. Grond dofir war e Pak mat enger verdächteger Substanz, dee gemellt gouf. Wéi sech méi spéit erausstelle sollt, war dëst awer e falschen Alarm an d’Warnung gouf opgehuewen.

Obwuel den Asaz baussent vum Gebai war, gouf d’Personal wärenddeem aus dem Centre de tri evakuéiert. No zwou Stonne war den Asaz eriwwer an de Betrib am Gebai konnt wéi gewinnt viru lafen.

Nieft dem CGDIS waren och d’Police, den Hondsmeeschter, de Samu an d’Douane op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO