Police melltVill Abréch an Autoen de Weekend

RTL Lëtzebuerg
Um Kierchbierg, op enger Tankstell op der A6 an zu Steesel hunn Onéierlecher zougeschloen, respektiv hu probéiert an Autoen anzebriechen.
© TheDigitalWay/pixabay

E Samschdeg gouf der Police géint 11:30 Auer mëttes en Déifstall an en Auto gemellt. Bis ewell onbekannt Täter hunn an der Rue de Kirchberg um Kierchbierg déi hënnescht Säitefënster ageschloen. E Kuef gouf geklaut, an deem eng Mutz an Hännercher dra waren.

Géint 13 Auer dann koum et zu engem weideren Déifstall, déi Kéier op enger Tankstell zu Capellen op der A6. Wärenddeem de Chauffeur vun engem geparkten Auto a seng Begleedung kuerz am Gebai vun der Tankstell waren, huet eng onbekannte Persoun eng Posch aus der Mall vum Gefier matgoe gelooss. An der Posch waren ënnert anerem en Tablet, Boergeld an e Sonnebrëll.

E Samschdeg am fréien Nomëtteg huet dann eng Zeien an der Rue Basse zu Steesel e Mann gesinn, deen eng Fënster vun engem geparkten Auto ageschloen huet a kuerz drop sech duerch d'Bascht gemaach huet. Wéineg méi spéit hu Beamten de Verdächtegen op enger Bushaltestell du getraff a kontrolléiert. Bei der Kontroll hunn d'Polizisten ënnert anerem e Schrauwenzéier, e Sécherheetshummer an e Cutter séchergestallt.

An all deene Fäll goufen Protokoller erstallt an Ermëttlungen ageleet.

D'Police erënnert drun, dass ee keng Wäertgéigestänn, Poschen oder elektresch Apparater a geparkten Autoen oder soss Gefierer soll leie loossen. Och wann een nëmme kuerz enzwousch stoe bleift, soll een d'Dieren a Fënstere komplett zoumaachen an d'Gefier och zouspären.

Weider Infoen ginn et um offizielle Site vun der Police.

Täter klaue Portmonni zu Bouneweg

D'Police huet zwee presuméiert Täter gepëtzt, dat no engem Déifstall e Sonndeg de Moie fréi zu Bouneweg. Géint 01:45 Auer haten Onéierlecher engem Mann an der Rue du Puits de Portmonni geklaut, wéi dëse wollt a säin Haus eragoen.

Déi zwee presuméiert Täter sinn duerno a Richtung Antoine Godart geflücht. Déi zwee konnte kuerz duerno bei enger Sichaktioun ugetraff ginn. Et gouf ee Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO