Formel 1De Lando Norris séchert sech d'Pole zu São Paulo

Theo Mersch
De Britt vu McLaren ass virun de Mercedes-Coequipieren George Russell a Kimi Antonelli op déi 1. Startplaz gefuer.
© MIGUEL SCHINCARIOL / AFP

E Samschdeg den Owend eiser Zäit konnt de Lando Norris sech d'Pole Position zu São Paulo a Brasilien sécheren. Um Circuit vun Interlagos hat de Britt an engem chaotesche Qualifying um Enn 2 Zéngtel Avance op den George Russell.

De Mercedes-Pilot huet awer dëse Weekend eng Grid-Strof a start dowéinst e Sonndeg vu Plaz 7. Säi Coequipier a frëschgebakene Weltmeeschter Kimi Antonelli start deemno vun der 2. Plaz. Dem Charles Leclerc (Ferrari) war e Samschdeg eigentlech déi 4. Plaz gelongen, ma och hie gëtt wéinst enger Grid-Strof no hanne geréckelt. De Lawson vu Racing Bulls start domat vu Plaz 3, hannert him den Hülkenberg am Audi.

Wéinst staarkem Reefall an dem Risiko vun Aquaplaning ass de Q1 fréi ënnerbrach ginn a konnt réischt annerhallef Stonn duerno weidergoen.

Nom Q1 war wéinst engem Crash Schluss fir de Bortoleto (Audi). Donieft huet de Stroll am Aston Martin den Auto mussen ofstellen an och fir den Alpine-Duo Gasly a Colapinto a fir d'Cadillac-Piloten Bottas a Perez war de Qualifying eriwwer.

Am Q2 gouf et du wéinst engem Crash vum Camara, deen de Weekend den Ocon am Haas ersetzt, e roude Fändel. Domat goufen eng ganz Rei Piloten onerwaart eliminéiert, dorënner den Hamilton (Ferrari), Verstappen (Red Bull) an de Piastri (McLaren). Och fir de Lindblad vu Racing Bulls an de Sainz am Williams war et den Out.

Domat waren dann 9 verschidden Ecurien am Q3 vertrueden. Wéinst dem Reen sinn d'Piloten hir Ronnen alleguerte fréi am Q3 gefuer. Dem Norris am McLaren ass mat enger Avance vu gutt 2 Zéngtel déi séierste Ronn gelongen. De Russell war den 2., wéinst enger Grid-Strof gëtt hien awer e Sonndeg 5 Positioune no hanne geréckelt. Well och de Leclerc eng Grid-Strof huet, starten den Antonelli an de Lawson vun de Plazen 2 an 3.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg wéi gewinnt live op RTL ZWEE an RTL Play kucken. Den Depart ass um 18:00 Auer eiser Zäit.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026

Back to Top
CIM LOGO