
Am September hunn e puer Statiounen nach Wäerter liicht ënner der Moyenne gemooss, mä am Oktober an am November louchen d’Temperaturen iwwer de saisonale Normen.
Beim Ree war et nach méi markant: Punkto Nidderschléi goufen um Findel +198,5 mm, zu Kënzeg +146,4 mm, zu Réimech +99,9 mm an zu Aasselbuer +90,7mm gemooss (1mm entsprécht engem Liter Ree pro Quadratmeter). De September huet dann historesch Rekorder gesat, um Findel goufen 265,1 mm, zu Kënzeg 211,6 mm an zu Réimech 157,1 mm gemooss. Ënnert anerem am Uelzecht-Dall koum et dowéinst zu Iwwerschwemmungen.
Fir d’Landwirtschaft waren d’Konditioune gemëscht: Geméis, Uebst a Mais hunn ënner dem Ree gelidden, Raps a Gromperen dogéint hu profitéiert. D’Konditiounen am Wäibau waren trotz engem naasse September dann dach éischter favorabel, d’Drauwe-Lies ass souguer méi fréi ofgeschloss ginn.