Januar 2020: Wärend a China déi éischt Mënschen u Covid-19 stierwen, éischt Stied isoléiert ginn an eng Klinik a Rekordzäit aus dem Buedem wiisst, geet een hei am Land nach net vum Eeschtfall aus.
31. Januar 2020: Eng Woch drop rifft d’WHO de weltwäite Gesondheetsnoutstand aus.
11. Mäerz 2020: Annerhallwe Mount méi spéit gëtt d’Verbreedung vum Coronavirus als Pandemie agestuuft. Éischt politesch Mesurë ginn och zu Lëtzebuerg decidéiert. Ënner anerem gi grouss Eventer, mol fir ee Mount, ofgesot.
13. Mäerz 2020: Lëtzebuerg ass keng Insel. Kuerz drop stierft déi éischt Persoun am Grand-Duché u
Op engem Freideg, den 13. ass da kloer ginn, dass et ëmmer méi eescht gëtt. Et gi Mesuren annoncéiert, fir d’Kontakter vun de Residenten an den Altersheemer méiglechst ze reduzéieren. Nieft den Altersheemer maachen och d’Schoulen hir Dieren zou. 150.000 Schüler ginn, vun deem Ament un, vun 20.000 Leit aus dem Enseignement op Distanz ënnerriicht. D’Sozialliewe gëtt erofgeschrauft. Och d’Populatioun reagéiert schonn. Et ginn Hamsterkeef gemaach. D’Police muss viru Supermarchéen agräifen, fir den Trafic ze reegelen.
15. Mäerz 2020: Just zwee Deeg méi spéit, no engem weideren aussergewéinleche Regierungsrot, geet Lëtzebuerg an de Lockdown.
16. Mäerz 2020: Fir ze probéieren dem Virus meeschter ze ginn, féiert Däitschland nees Grenzkontrollen an. Dee selwechten Dag riicht sech de Grand-Duc un d’Populatioun.
Iwwer Stad a Land ass a bleift et eidel. Kee weess genee, wou et higeet. De Virus zirkuléiert. Vill Mënsche si gezwongen, e Gank zréckzeschalten a gi kreativ.
Fënnef Joer Corona: “Déi éischt Form vun deem Virus war fir verschidde Leit déidlech”
Viru fënnef Joer: Éischte Covid-Patient zu Lëtzebuerg
Commentaire vum Claude Zeimetz: Fënnef Joer no Corona gëtt et déck Zäit, d’Pandemie endlech opzeschaffen
Sonndesinterview mam Dr. Gérard Schockmel: “Mir sinn elo warscheinlech nees am Alter vum Obskurantismus ukomm”