“Lockdown”, “Omikron-Variant” oder “A-B-Wochen an der Schoul": Wierder, déi wärend der Coronapandemie wéi selbstverständlech zu eisem Sprochgebrauch gehéiert hunn. Mëttlerweil ass et fënnef Joer hier, dass de Coronavirus eist Liewe bestëmmt huet. Mir kucken zeréck mat engem, dee sech ganz fréi mam Virus ugestach huet, zwee Dokteren, déi all Dag mam Virus a sengen Auswierkunge konfrontéiert waren an enger vulnerabeler Persoun, déi fir sech an aner Leit gekämpft huet, net vergiess ze ginn. Dräi Perspektiven an Temoignagen aus enger Zäit, an där d’Welt den Otem ugehalen huet.
“Fir déi éischte Kéier hat ee mat enger Krankheet ze dinn, déi och Jonker erwëscht huet, dat war natierlech erschreckend”, erzielt den Dr. Emile Bock réckbléckend iwwert déi éischt Wochen a Méint, an deenen déi éischt Covidpatienten ageliwwert goufen: “Déi éischt Form vun deem Virus war fir verschidde Leit déidlech.” Den Urgentist hat direkt am Mäerz 2020 zesumme mam Anesthetist-Réanimateur Cyril Tix dozou opgeruff, d’Situatioun eescht ze huelen. “D’Situatioun ass méi wéi kritesch”, schreift hien deemools. De Post gëtt bal 5.000 mol gedeelt. Zu deem Zäitpunkt huet hie sech scho méi laang mam Virus beschäftegt: “Do huet ee gesinn, dass bëssen eppes a China lass war an et war och bëssen an de Medien. An do hunn ech wärend deenen nächsten Deeg a Wochen d’Weltkaart gekuckt. D’WHO hat esou eng Kaart an do huet ee gesinn, dass déi Punkten ëmmer méi no komm sinn. An do sinn och ëmmer méi Artikelen an de medezinesche Fachzäitschrëften an der normaler Press komm. Do wosst een, dass do eppes géif kommen.”

“Fir een Urgentist war et ee Mount Everest, fir meng Mataarbechter och, dat ass eppes wat all 150 Joer statistesch gesi geschitt”, seet den Dr. Emile Bock. Et géifen och Saache ginn, déi een duerch dës sanitär Kris geléiert huet: “Mir hunn zimmlech vill draus geléiert, dëse Wanter hate mir eng terribel Grippewell, ech mengen d’Masken si rëm rauskomm, déi Reflexer, déi mir wärend der Pandemie hunn, hu mir och rëm agesat wéi d’Gripp komm ass”, beschreift hien d’Mesuren, déi am Spidol dëse Wanter geholl gi sinn. “Mir hu jo wärend der Pandemie gesinn, dass mir ganz dependant ware vu Personal, dat deelweis aus dem Ausland kënnt. Dat zielt fir d’Infirmièren an d’Dokteren, mee dat ass eng europäesch Kris. Do muss ee Solutioun fannen, fir dass d’Leit nees an de Beruff fannen”, gëtt den Urgentist vun den Hôpitaux Robert Schumann ze bedenken.
Den Anesthetist-Reanimateur Dr. Thomas Schmoch huet um Ufank vun der Pandemie an Däitschland geschafft, am Oktober 2021 huet hien zu Lëtzebuerg ugefaangen. “Was wir nicht vergessen sollten, ist, dass diese ganzen Maßnahmen dazu beigetragen haben, dass die Menschen uns nicht auf den Fluren gestorben sind”, seet den Dr. Thomas Schmoch. “Was wir gelernt haben ist, dass es funktionieren kann, dass wir weltweit eine Pandemie bekämpfen, dass wir zumindest relativ schnell Verkehrswege einschränken, dass man sich zurücknimmt, eine Gesellschaft für eine Zeit in einen Lockdown bringt, um so eine Welle abzumildern. Wir haben gelernt, was es braucht, so etwas zu machen.” Gläichzäiteg hätt een och geléiert, wéini et un der Zäit wär, déi Mesuren nees réckgängeg ze maachen. Ob sech dat alles bei enger anerer Krankheet esou upasse léisst, géif sech da weisen.
De Kënschtler Jim Knaff inspiréiert sech un der Natur a reest vill. Dobäi huet hien ëmmer seng Molsaache grëffbereet fir besonnesch Plazen oder Momenter an enger Skizz festzehalen, déi da spéider als Virlag fir seng Wierker déngt. Wéi hie sech am Joer 2020 mam Coronavirus ugestach huet an de Covid-19 mat engem schwéiere Verlaf krut, mécht hien dat genee esou. Hien hält seng Erfarung a Skizze fest a verschafft esou och dat, wat hien erlieft.
Zu engem Zäitpunkt muss hien déi schwéier Entscheedung treffen, dass seng Dokteren hien an de Koma leeë kënnen: “Wéi ech déi Hiobsbotschaft kritt hunn, wéi si mech gefrot hunn, ob ech domadder d’Accord wär, dass dat esou géing geschéien, hunn ech bannent Sekonne misste mäi Feu Vert ginn”, erënnert sech de Kënschtler. Dräi Woche laang läit hien am Koma. Och nodeems hien nees waakreg ass, erënnert hie sech u verschidde Saachen, déi hie wärend där Phas gespuert a gesinn huet. Esou ass och ee vu senge wichtegste Biller aus där Zäit entstanen. “Jimmy a Mozart” weist déi zwee dach ganz ënnerschiddlech Museker Jimmy Hendrix an de Wolfgang Amadeus Mozart.
“Wat mir gehollef huet dat ze molen, ass, dass ech nach ëmmer wëll Verständnis hunn, wat do a mir virgaangen ass, fir grad déi Zeenen esou ze erliewen”, erzielt de Jim Knaff. Aner Zeene weisen déi vun ënne bis uewen a Schutzausrëschtung gekleeten Dokteren a Fleegepersonal, déi sech ëm hie gekëmmert hunn a besonnesch schwéiere Phasen.
Um Enn war et virun allem d’Isolatioun, déi him réckbléckend am meeschten zougesat huet. “Et ass een un ee Bett ugestréckt an et kann een net vill ënnerhuelen an déi Gedanken, déi ee féiert, sinn och Gedanken, déi mat Flemm verbonne sinn”, erënnert hie sech. “Mee et ass den Isolement, deen am schroosten ass, well kee Besuch konnt stattfannen, kee Besuch. An dat ass relativ uerg.”
Hie geréit genee an déi Zäit, an där de Lockdown duerchgesat gouf. An de Spideeler dierf kee ran, deen net onbedéngt muss.
An engem Reportage vun 2022 gëtt d’Noémie Sunnen schonn eng Kéier een Interview a warnt, dass trotz Lockerungen vun de Coronamesuren, d’Gefor vun enger Ustiechung fir vulnerabel Persounen ëmmer nach eng reell Gefor ass.
Zu där Zäit si vill Leit geimpft, d’Omikron-Variant zirkuléiert duerch d’Gesellschaft a versprécht en éischter mëlle Verlaf. Fir Risikopatiente bleift d’Angscht virun enger Ustiechung. “Déi Krankheet, déi ech hunn, schwächt all d’Muskelen am Kierper. Also net just déi vun de Been an den Äerm, mee och déi vum Schlécken a vun der Ootmung”, erkläert d’Noémie Sunnen. Si huet ALS (Amyotrophic lateral sclerosis), dat zielt zu de Maladies rares. Liewensgeféierlech gëtt et, wann zum Beispill d’Muskele fir ze houschten esou ugegraff sinn, dass si net méi ofhouschte kann an de Schläim net méi lassgëtt. “Wann ee sech virstellt, wann ech erkaalt sinn, eleng dat geet schonn duer, dass ee schlecht Loft kritt”, präziséiert d’Noémie Sunnen. Et wär awer och esou, dass net just de Coronavirus ee Risiko fir vulnerabel Persounen duerstellt. Och aner Infektiounskrankheete kënne liicht iwwerdroe ginn a verschiddener musse mat méi grousse Repercussiounen op hir Gesondheet rechnen, wéi anerer.

2022 stécht d’Noémie Sunnen sech da schliisslech awer mam Coronavirus un, mee et bleift bei engem mëlle Verlaf: “Dat war do schonn d’Omikron-Variant. Dat war Chance fir mech, dass et net deen urspréngleche Coronavirus war an ech hat d’Chance, dass ech ee relativ liichte Verlaf hat”, seet d’Noémie Sunnen. Trotzdeem hätt si laang gebraucht, fir sech nees ze erhuelen.
Haut, fënnef Joer no der éischter Coronainfektioun zu Lëtzebuerg, bedauert d’Noémie Sunnen, dass Masken nees zu engem groussen Deel aus der Gesellschaft verschwonne sinn: “Wann ech Symptomer hunn, gefäerden ech aner Leit. Ob dat elo eng Persoun am Rollstull ass oder ee Kriibspatient, deen doduerch geschwächt ass.” Corona ass net déi eenzeg Longekrankheet an och net deen eenzege Risiko fir vulnerabel Persounen. “Heiansdo ass d’Lobby vun de Leit mat engem Handicap net grouss genuch fir sech ze wieren. Dat huet ee gutt an der Coronapandemie gemierkt, et huet ee misste vill kämpfen. Ech denken, dass do heiansdo Leit mat Handicap vergiess ginn”, ënnersträicht d’Noémie Sunnen.
Am Podcast “Wellebriecher” hunn d’Marie Gales an de Pierre Weimerskirch d’Entwécklunge wärend der Covid-19-Pandemie zu Lëtzebuerg an an der Welt zesumme mat Experte suivéiert. Fënnef Joer duerno kucke si nach eemol op d’Pandemie zeréck. Déi neist Episode fannt Dir hei.