Viru bal genee fënnef Joer, den 29. Februar 2020 fir genee ze sinn, gouf et deen alleréischte Covid-Fall hei zu Lëtzebuerg. Wat duerno koum, wësse mer nach all, mä et wierkt mam Recul vun haut deels onreal: Lockdown, Ausgangsspär an Ausnamezoustand, Leit déi eleng hu misse stierwen, zoue Grenzen, 3G, 2G, A-B-Wochen an der Schoul... En demokrateschen Ausnamezoustand, dee vill Länner bis haut nach net opgeschafft hunn, mä all Interêt hätten, et ze maachen. Och Lëtzebuerg, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.

Net fir mam Wësse vun haut mam Fanger op déi Responsabel vun deemools ze weisen an déi als Schëllegen auszemaachen - Nee. Eng objektiv, wëssenschaftlech mä awer virun allem och gesellschaftspolitesch Ausernanersetzung wier wichteg, dat opzeschaffen, wat nu emol dat aschneidenst Evenement an d'Fundamenter vun eiser demokratescher Funktiounsweis an de leschte puer Joer war.

Commentaire vum Claude Zeimetz

Well d'Pandemie huet de Leit net nëmme wärend der Akutphas ellen zougesat, mä och d'Gesellschaft nohalteg gespléckt. Och zu Lëtzebuerg sinn Impfgéigner a Géigner vun der Corona-Politik op d'Strooss gaangen, hu Politiker intimidéiert a beleidegt, Stëmmung um Internet gemaach.

An déi Rëss ginn et zum Deel nach bis haut. Grad wéi d'Mësstrauen an d'Politik an an d'Institutiounen. Sou laang d'Kris net adequat opgeschafft ass, wäert dat Mësstrauen och bestoe bleiwen, seet den éisträichesche Soziolog Alexander Bogner vun der "Akademie der Wissenschaften" vu Wien. Rietspopuliste géife bis haut vun engem Klima vu Frënd a Feind, engem "Klima vu gesellschaftspolitescher Iwwerhëtzung" profitéieren. Deen Nährboden ass duerchaus fruchtbar, wann d'Leit bis d'Gefill hunn, datt "déi vun do uewen" souwisou net d'Wourecht soen.

Kucke mer just rezent d'Walresultat an Däitschland. De Walerfolleg vun AfD an aner rietspopulisteschen a rietsextreme Parteien kann een natierlech net op d'Nowéie vun der Pandemie reduzéieren. Dat wëll ech heimadder och guer net soen. Mä datt Rietsextremer a Rietspopulisten sou en Zoulaf hunn, hänkt awer wéi gesot duerchaus - nieft der Migratiounsfro - och mat dem allgemenge Mësstrauen zesummen. Duerfir wieren d'Parteien aus der demokratescher Mëtt duerchaus gutt beroden, hinnen a Saache Corona keng Virlag méi ze bidden.

An engem Interview mam "Stern" huet den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier scho virun de Walen déi zukünfteg däitsch Regierung appelléiert, sech séier op d'Manéier ze eenegen, wéi een d'Pandemie an Däitschland opschaffe wëll. Wann dat net geschitt, géif ëmmer dat "Verdrängte" bleiwen an doduerch de Verdacht, datt Saachen net gesot ginn.

Zu Lëtzebuerg gouf bis ewell ëmmer op den OECD-Rapport verwisen, fir ze soen, datt een d'Pandemie jo opgeschafft hätt a vun offizieller Säit eng gutt Zensur ausgestallt krut. De Grand-Duché huet jo och villes richteg gemaach. Duerfir: Wat fäerte mer, fir eis nach emol kritesch mat den Decisioune vun deemools auserneen ze setzen? Mat Juristen, Mënscherechtler, Ethiker, Politiker an natierlech och Wëssenschaftler a vläicht souguer mat enger Zort Biergerforen.

Datt de Rechnungshaff elo de Finanzement vum Large Scale Testing kritesch ënnert d'Lupp geholl huet, ass sécher een interessant Element, mä gräift vill ze kuerz. D'Dräierkoalitioun huet déi kontrovers Ausernanersetzung gescheit. Datt zum Deel haut aner Leit an der Verantwortung sinn, wéi an de Pandemiejoren kéint eng objektiv Ausernanersetzung méi einfach maachen. Ma Schwaarz-Blo fiert och bis elo nom Prinzip Deckel drop a virum mam Jabel.