Nach net all d'Punkte gekläertDe Vott iwwert de Budget am Dippecher Gemengerot gouf verluecht

Diana Hoffmann
D’Gemengerotssëtzung vun Dippech e Méinden, gouf ëm ee Mount, op den 12. Januar d’nächst Joer rapportéiert.
© RTL Archivfoto

De Gemengerot Dippech gouf e Méinden de Moie just 2 Stonne virdrun ofgesot. Am Communiqué schreift de Gemengesekretär, dass de Schäfferot festgestallt hätt, dass nach e puer Punkten a Reunioune vun der Majoritéit ze diskutéiere wieren. Genee dat ass et, wat d’Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller och op Nofro hin nach eng Kéier sot. Si huet awer betount, dass een eng Majoritéit fir de Budget, dee scho presentéiert gouf, zesummen hätt.

“Et geet ëm vill verschidde Punkten an et ass wichteg, dass jidderee weess, ëm wat et geet, an dass jidderee ka matschwätzen”, sou d’Buergermeeschtesch. Beim Luc Emering (DP) huet dat awer anescht geklongen. “D’Majoritéit huet e ganze Koup Saachen ze diskutéieren, déi awer mënschlecher Natur sinn”, sou den éischte Schäffen. Ier dat net geschitt wier, géing een net kënne fir de Budget stëmmen. Hien huet umierke gelooss, dass et der DP no, un der LSAP gewiescht wier d’Gespréich am Virfeld ze sichen. Nämlech un där Partei, déi fir d’Problemer am Gemengerot responsabel wieren. Dat wier awer net geschitt. Ëm de Budget selwer géing et an der ganzer Diskussioun dann net goen. Dee géing net a Fro gestallt ginn.

De Grond fir dës kuerzfristeg Annulatioun gesäit e Sven Schaul vun der Oppositioun “Biergerinitiativ Gemeng Dippech” doranner, dass nach ëmmer deck Loft am Schäfferot wier. Et hätt sech zanter dem leschte Joer näischt un der Stëmmung an der Gemeng geännert. De Schäfferot wier ëmmer nach zerstridden, och wann an der Ëffentlechkeet géing eppes anescht behaapt ginn. Doriwwer eraus géing dem zweete Schäffe Philippe Meyers eng Affär ronderëm d’Finanzstruktur vun enger ASBL an der Gemeng “ëm d’Ouere fléien”, mengt de Sven Schaul. Dës ASBL géing nämlech benotzt ginn, fir Rechnunge vun der Gemeng ze bezuele, wat net transparent wier. En Plus wier de Philippe Meyers President vum Verwaltungsrot an och d’Buergermeeschtesch an den éischte Schäffe wiere Member vun der ASBL.

Den Oppositiounspolitiker freet sech dann och, wisou déi ganz Gemengerotssëtzung, an net einfach just de Budget, vum Ordre du jour erofgeholl gi wier. “Dat gouf et nach ni, dass eng Sitzung moies annuléiert gouf”, stellt hie fest. D’Lompe géinge sténken. Hien hofft, dass eng Majoritéit vun de Gemengerotsmember am Januar géint de Budget stëmmt an et dann zu Neiwale kënnt.

Back to Top
CIM LOGO