
Wéi d’Police schreift, stoung de Bilal Haidach zanter Mëtt November 2025 op der Lëscht vun de “Europe’s most wanted fugitives” a gouf aktiv vun der Sektioun “Recherche Fugitifs du SPJ” - FAST Lëtzebuerg gesicht.
Den 19. September 2023 war de Bilal Haidach an en Haus agebrach. Wéi den Awunner den Haidach a senger Kummer bemierkt an opgesprongen ass, huet den Haidach dëst ugegraff an him fest an d’Gesiicht gedréckt. D’Affer, dat Asthma huet, krut doduerch Otemnout, wouropshin den Haidach sech duerch d’Bascht gemaach huet.
Am Moment sëtzt de Bilal Haidach a Spuenien am Prisong.