Op Allerhellegen denke vill Mënsche ganz bewosst un hir Verstuerwen. Mee wien denkt am Virfeld un déi, déi eemol zeréckbleiwen? Wann e Léifste stierft, kommen nieft der Trauer och eng Rei vu Formalitéiten op d'Famill duer. D'Begriefnis an alles, wat domat zesummenhänkt, muss organiséiert ginn – an dat direkt nom Doud.
Dobäi versetzt de Verloscht vun engem Léifste vill Mënschen als éischt emol an e Schockzoustand. An esou engem Moment musse ze funktionéieren an Decisiounen ze treffen, ass fir vill Betraffener eng enorm Belaaschtung. Dacks fille si sech mat de ville Froen iwwerfuerdert.
Wou a wéi wëll ee bäigesat ginn? Klassesch am Sarg oder dach verbrannt? Wéi eng Urn oder wéi ee Sarg soll et sinn? Wéi eng Musek soll um Begriefnis gespillt ginn? Wéi eng Blumme soll d'Graf dekoréieren, a wat soll um Grafstee stoen? Soll e Familljegraf bäibehale ginn oder en neit Graf kaf ginn? Zu Lëtzebuerg kann ee weder am Virfeld e Graf kafen, nach gläichzäiteg Besëtzer vun zwee Griewer sinn. Et si vill Froen, déi am Idealfall gekläert wieren, ier ee sech an enger Situatioun vu grousser Trauer befënnt.
Zu Lëtzebuerg wier Trauer awer nach ëmmer een Tabuthema, sou de Jean-Paul Erasmy. "Wann et héich kënnt, suerge vläicht fënnef Prozent vun de Leit vir a leeën am Virfeld fest, wéi si eng Kéier wëlle bäigesat ginn. Mir iwwerhuelen dacks alles vun A bis Z – vum Transport vum Verstuerwenen iwwer d'Auswiel vun de Blumme bis souguer d'Ofmellen op der Gemeng. Dat alles, well et fir verschidde Familljen an esou enger Trauersituatioun schwéier ass, ze funktionéieren."
An den Nopeschlänner wier den Ëmgang mam Doud dacks méi oppen. Do géifen d'Leit sech méi fréi mat deem Thema befaassen a beispillsweis iwwer Assurancë schonn zu Liewenszäite vill organiséieren. Dat géif d'Famill spéider däitlech entlaaschten.
Eng verbreet Iddi wier anscheinend och, all seng Wënsch fir d'Begriefnis an engem Testament festzehalen. Dat wier awer net ëmmer sënnvoll, erkläert de Bestattungsexpert."Dat kann ee maachen. De Problem ass awer, datt en Testament dacks eréischt Deeg, Wochen oder souguer Méint nom Doud opgemaach gëtt. Da kënnt déi Informatioun fir d'Organisatioun vum Begriefnis ze spéit. Dat funktionéiert also net."
Sënnvoll wier et dofir, seng Wënsch schonn am Virfeld mat engem Bestattungsbetrib ze beschwätzen. D'Clientë kéinten hir Virstellungen zu Liewenszäite festhalen. Dës géifen dokumentéiert an an enger Datebank gespäichert ginn, fir spéider drop kënnen zeréckzegräifen. Wichteg wier just, datt d'Famill weess, datt esou en Dossier besteet.
De Moment géif sech bei him am Betrib eng kloer Tendenz zur Anäscherung ofzeechnen, esou de Jean-Paul Erasmy."Bei eis gi ronn 60 Prozent vun eise Clienten ageäschert a 40 Prozent klassesch begruewen."
Fir eng Anäscherung am Krematorium zu Hamm, inklusiv dem Verstreeë vun den Äschen an den “Jardins du Souvenir” misst ee mat Käschte vu ronn 2.000 Euro rechnen. Eng klassesch Bäisetzung am Sarg kascht an der Moyenne tëscht 3.000 a 4.000 Euro. Jee no Sarg oder Urn kënnen d'Präisser awer däitlech méi héich ausfalen. Onofhängeg vun der Form vun der Bäisetzung gëtt et zu Lëtzebuerg déi sougenannten Indemnité funéraire. Déi läit aktuell bei 1.289,91 Euro a gëtt vun der CNS rembourséiert.
Déi wichtegst Schrëtt no engem Doudesfall
Weider Infoe fannt dir op www.guichet.lu