Kuerz virun de Feierdeeg sinn déi meescht Léit an den Akafsstroossen am Land ënnerwee, fir nach déi leescht Kaddoen ze kafen. Léit mat ganz ganz groussen Tute gesäit een awer ëmmer manner.
“Dëst Joer gëtt vill gewiichtelt, och ënner Aarbechtskolleegen. Et gi vill kleng Kaddoe kaf, mee soss si Parfumen a kleng Accessoiren am Trend. Am Elektro-Beräich ginn och Wireless-Kopfhörer oder Airfryere verschenkt”, erkläert d’Enza Fuzio, Member vun der Union Commerciale de la Ville de Luxembourg.
Bei Munche sinn d’Kaddoe scho laang kaaft a leie verpaakt ënnert dem Beemchen, e puer lescht Päckelcher mussen awer nach besuergt ginn. D’Bestellungen online hunn och en Afloss op d’Geschäfter, hei hu sech d’Gewunnechte vun der Clientèle an de leeschte Jore geännert.
“Den Ufank vum Mount ass ëmmer relativ roueg, mee wann een da kuerz virun de Feierdeeg ass, wou d’Liwwerzäiten ze knapp ginn, kommen d’Leit da vill an d’Geschäfter”, esou de Christophe Ayroles, Gerant vum engem Geschäft.
D’Gewunnechten änneren net nëmme bei de Kaddoen. Och beim Feierdagsmenu ginn et ëmmer nei Trends.
“D’Dinde bleift weiderhin ee Favorit, mee d’Léit wëlle méi um Dësch sëtzen, dofir gi Menue wéi Racletten och ëmmer méi beléift”, betount de Fabrice Brisson, Gerant vun engem Supermarché.
Wann een et bis duerch Gedrécks an de Geschäfter gepackt huet, heescht et séier heem fir d’Iessen an d’Kaddoen ze preparéieren, a schéi Feierdeeg ze genéissen.