Et war eng Mesure vun der viregter Regierung géint déi héich Inflatioun: bis op de super-reduzéierten TVA Taux vun 3% - dëse gëllt ënner anerem op Liewensmëttel, Bicher a Kannerkleeder -, goufen zejoert all déi aner TVA-Tauxen temporär fir d’Joer 2023 ëm ee Prozentpunkt erofgesat. Mat der Konsequenz, datt se lo den 1. Januar 2024 nees an d’Luucht gaange sinn.
Zil vun dëser Tripartite Mesure war et, d’Inflatioun ëm 0,2 Prozentpunkten ofzebremsen. An domadder och déi nächst Indextranche no hannen ze verréckelen. Dat wär och erreecht ginn, heescht et vum Statec. Och wann d’Analys vun de Präisser ugangs zejoert e gemëscht Bild erginn huet.
“Do hu mer gesinn, datt verschidde Präisser erofgoungen am ordre de grandeur wéi eben och d’Mesure op der TVA war. Aner Präisser sinn eropgaangen, anerer konstant bliwwen, dat war ganz diversifiéiert”, erkläert den Tom Haas, de Responsabel vum Departement Konjunktur, Modelisatiounen a Previsiounen.
TVA-Baisse just bei 40 Prozent vun de Präisser ze gesinn
Op den Energiepräisser gouf d’TVA-Reduktioun mechanesch applizéiert. Se huet sech awer just bei 40 Prozent vun den anere Produiten a Servicer zréckgespigelt, bei deenen eng Präisbaisse ze erwaarde war. Explikatiounen an Ursaachen dofir géifen et der warscheinlech méi, mengt den Tom Haas. “Et ware relativ vill Index-Tranchen. De Salaire minimum ass an d’Luucht gesat ginn am Januar d’lescht Joer. Plus all déi Präishaussen, déi souwisou schonn an der Pipeline waren, déi spillen do eng Roll.”
D’Mesure huet de Staat eng 304 Milliounen Euro kascht
Wéinst der temporär Reduktioun huet de Staat zejoert 216 Millioune manner an d’Kees kritt, heescht et op Nofro aus dem Finanzministère, dee preziséiert: “Wéinst dem Decalage tëscht der Applikatioun vun der TVA-Reduktioun an dem Encaisséieren vun den TVA-Recetten duerch d’Verwaltung wäert dës Mesure och am Joer 2024 nach zu engem weidere Käschtepunkt féieren, deen aktuell op 88 Milliounen Euro geschat geet. Deementspriechend dierft de kompletten Käschtepunkt sech op 304 Milliounen Euro belafen.”
Normaliséierung vum Taux wuel méi e staarken Impakt wéi d’Reduktioun
Den 1. Januar 2024 gouf d’TVA nees op den normalen Niveau ugehuewen, wat d’Inflatioun dëst Joer - logesch Konsequenz - acceleréiert. Souguer ëm 0,3 Prozentpunkte, schätzt de Statec. Also méi, wéi se zejoert gebremst gouf.
“Dat ass och do d’Hypothees, datt méi Entreprisen d’TVA no uewe wäerten ajustéieren, wéi se no ënne gesat gouf. Dowéinst ass et amplaz 0,2% dat eent Joer 0,3% dat anert Joer”, erkläert den Tom Haas vum Statec.
Duerch d’Acceleratioun dëst Joer rechent d’Statistikamt, datt déi nächst Indextranche, déi fir dat zweet Semester erwaart gëtt, ee Mount méi fréi erfält.
War déi temporär TVA-Reduktioun den Opwand an d’Käschte wäert?
Et wär eng vergläichsweis kleng Mesure gewiescht, déi een net isoléiert kéint kucken, seet den Expert. Dee ganze Mesurëpak hätt ee staarken Impakt op d’Inflatioun an d’Kompetitivitéit gehat. Ouni de Mesurëpak gëtt geschat, datt d’Entreprisen 4,3 Milliarden Euro méi u Paien hätte misse bezuelen.
Méi oder manner gréisseren Opwand fir d’Betriber
D’Betriber hate mat der temporärer TVA-Reduktioun Aarbecht. Déi eng méi wéi déi aner, ofhängeg och vum Niveau vun hirer Digitalisatioun, seet den Tom Baumert, Direkter vu Luxembourg Confederation. Virun allem am Eenzelhandel, wou et vill Etikette géif, wär den Opwand grouss gewiescht.
“Do ware mer natierlech frou, datt mer mam Mëttelstandsministère a mam Kulturministère zum Beispill, Léisunge fonnt hunn, datt een dat réischt an der Keess konnt ofsetzen.”
Iwwergang 2023/24: wéi een TVA-Taux gëllt?
Zanter Januar 2024 gëtt den normalen TVA-Taux nees applizéiert. Fir Betriber a Konsumente stelle sech a verschiddene Fäll Froen iwwer den Taux, deen applizéiert soll ginn.
Zwee Beispiller bei enger Vente tëscht engem Betrib an engem Privatclient:
Bei Transaktiounen tëscht Betriber an anere Betriber gëllen deels aner Reegelen.