Vill Leit zitt et beruffsbedéngt moies méi fréi aus de Fiederen, dozou gehéieren och d’Baueren.
Um wéi vill Auer geet et moies fir de Bauer Christian Hahn lass? Ginn et nach genuch Jonker, déi de Betrib wëllen iwwerhuelen? A wéi gesäit de President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer déi aktuell Entwécklungen a Saachen EU Budget a Mëllech Präisser?
De Live-Reportage vum Céline Eischen héiert Dir hei:
Eng Chute bei de Mëllechpräisser, een ofgespeckte Budget fir d’Landwirtschaft op EU-Niveau, an net genuch Jonker, déi d’Bauerebetriber wëllen iwwerhuelen: D’Bauere maache sech Suergen, och well se ëmmer méi vun der administrativer Laascht géifen erschloe ginn.
Ugefaange mam Bauen an der Gréngzon: Op déi versprachen Amendementer am Naturschutzgesetz säitens vum Lëtzebuerger Ëmweltministère géif een nach ëmmer waarden, esou de Christian Hahn, President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer:
“Mir ginn am Moment leider ëmmer vertréischt, dass d’Texter do wieren a se deemnächst géife verëffentlecht ginn. Ech hoffen, dass am Januar Februar spéitstens déi Texter erauskommen, an dass och emol jiddwereen da weess, wou ass en drun a wou sinn iwwerhaapt Ännerunge gemaach ginn, wéi vill schneiden se an an ass et méi einfach duerno oder ass et awer net méi einfach.”
Déi Upassunge wieren néideg, well een de Sënn an Zweck vu verschiddene Reegelen net ganz novollzéie kéint. Déi géifen de Budget vun de Betriber nämlech nach zum Deel zousätzlech belaaschten.
“Ech stinn hei an engem landwirtschaftleche Gebai, do ass Holz ronderëm op enger gewësser Héicht vun der Wand vu baussen, do gëtt et guer keen ökologesche Mehrwäert. Mir hunn deen honnertmol gefrot, wat den ökologesche Mehrwäert dovun ass. Nee, et ass just, dass ee gesäit, dass et ee landwirtschaftlecht Gebai ass. An do muss ech soen, dat ass awer utopesch, de Betriber esou vill Mehrkäschten opzeleeën, ouni een ökologeschen Hannergedanken ze hunn, just fir ze soen, dat do ass elo eng Bauerenhal. “
Déi administrativ Vereinfachung vun de Prozedure géif et och méi einfach maache fir Jonker ze motivéieren, Bauerebetriber ze iwwerhuelen. Ma och finanziell misst de Beruff méi attraktiv ginn: Den neie Budget Pluriannuel vun der EU-Kommissioun gesäit jo fir d’Joren 2028-2034 ronn 80 Milliarden Euro manner fir d’Landwirtschaft vir. Ma déi Hëllefe wiere wichteg Sozial-Moossnamen, esou de Christian Hahn.
“D’EU-Agrar-Bäihëllefe si Suen, déi mer kréien, fir ee Mehrwäert, dee mer am Produkt net kënnen eraushuelen. Ech menge mir schwätzen dovun, dass mer tëschent 15 a 17 Euro fir 100 Kilo Weess sinn am Moment. Dat si Präisser, déi huet mäi Papp a mäi Bop scho kannt. Dat heescht, d’EU-Agrarpolitik ass a sech do, fir dem Konsument dobaussen d’Liewensmëttel bëlleg ze halen.”
Vun den Europäesche Bauere géifen ëmmer méi Leeschtungen och am Ëmweltberäich gefuerdert ginn. Dofir bräicht et dann och déi néideg finanziell Mëttel.
Bei alle Suergen ënnersträicht de Christian Hahn awer och, datt Bauer sinn, fir hien nach ëmmer dee schéinste Beruff wier. Mat der Natur a mat den Déieren ze schaffen, géif him nach ëmmer déi gréisste Satisfaktioun ginn.